Bis ewell keng Spuer vun der FraGisèle Peiffer (76) vu Gaasperech gëtt schonn zënter dem 3. Februar vermësst

RTL Lëtzebuerg
D'Fra ass vun Zäit zu Zäit an der Stad ënnerwee a fiert och reegelméisseg op Tréier. Zënter dem 3. Februar feelt allerdéngs all Spuer vun der Fra.

Déi vermësste Persoun huet e Brëll un, ass normal gebaut an huet ongeféier 1m65. Wéi et e Samschdeg heescht, géif schonn zënter dem 3. Februar all Spuer vun der 76 Joer aler Fra feelen. D'Police huet e Samschdeg och nach eemol den Opruff lancéiert, dass Persounen, déi eppes wësse sollten, sech bei der Police melle sollen.

All Informatiounen iwwert den Openthalt vun der vermësster Persoun oder soss nëtzlech Informatioune si fir d'Stater Police um Telefonsnummer 244 40 1000 oder um 113.

Back to Top
CIM LOGO