Gaspistoul a Messere séchergestalltGewalttäteg Ausernanersetzung zu Déifferdeng mat 2 Liichtblesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend hate sech géint 21 Auer véier Persounen an der Avenue de la Liberté zu Déifferdeng an d'Hoer kritt.
© RTL-Archivbild

Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, waren déi betraffe Persoune scho vun onbedeelegte Passante getrennt ginn.

Zwou Persoune goufe bei der Ausernanersetzung liicht blesséiert a goufen op der Plaz vun de Rettungsekippe versuergt, ier se fir e Verhéier mat op d'Kommissariat geholl goufen. Bei hinne goufen eng Gaspistoul an zwee Messere séchergestallt a beschlagnaamt.

Permisen agezunn

Kuerz virun 21 Auer krut d'Police dann nach een Accident mat Farerflucht zu Hollerech gemellt. Een Automobilist hat an engem Rond-point een Accident an hat doduerch zwee Platter. Och d'Airbags am Auto waren ausgeléist ginn, ma dat huet de Chauffeur net dru gehënnert, fir einfach weider ze fueren. Hie gouf kuerz drop am Garer Quartier vun der Police gestoppt. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf ofgeholl an eng Plainte gemaach.

En Donneschdeg den Owend gouf kuerz no 20 Auer der Police dann nach een Automobilist wéinst sengem geféierleche Fuerstil zu Heischent gemellt. D'Beamten hunn de Chauffeur kuerz drop lokaliséiert. Hien hat ze vill gedronk, hat keng Versécherung, déi technesch Kontroll war zanter Méint ofgelaf an och d'Steiervignette war net bezuelt. Den Auto gouf immobiliséiert, eng Plainte gemaach an de Permis war op der Plaz fort.

Back to Top
CIM LOGO