Coronavirus - Rezent EntwécklungenGesondheetsministère leeft op vollen Touren, Luxair mécht weider Adaptatiounen

Pierre Weimerskirch
No de rezenten Entwécklungen a Saache Coronavirus hu mir beim Gesondheetsministère a bei der Luxair nogefrot, wéi ee mat der aktueller Situatioun ëmgeet.
Coronavirus - Rezent Entwécklungen
No de rezenten Entwécklungen a Saache Coronavirus hu beim Gesondheetsministère a bei der Luxair nogefrot, wéi ee mat der aktueller Situatioun ëmgeet.

Fir ronn 15 Millioune Mënschen a Norditalien gëllt en Aus- an Areesverbuet. Et wéilt een engersäits d'Ausbreedung vum Coronavirus verhënneren an och garantéieren, dat de Gesondheetssystem net iwwerstrapazéiert gëtt, esou den italienesche Premier. D'Luxair huet weider Upassungen um Fluchplang annoncéiert an d'RTL-Redaktioun huet versicht, de Point ze maachen iwwert déi rezent Entwécklungen hei am Land.

Dat Ganzt huet nämlech gréisser Repercussiounen op de Fluchverkéier.

Fluchhäfen an Italien wiere wuel nach op an deemno operationell, nawell géing ee verschidden Adaptatiounen um Fluchplang maachen, esou de Joe Schroeder vum LuxairGroup.

All Dag géif een d’Situatioun nei evaluéieren an, wann néideg, Upassunge virhuelen. 4 confirméiert Infektioune goufen et am Land, dat de Stand um Sonndeg 18 Auer. Vun deene 4 Persoune wier keng wierklech krank, deemno misst een net besuergt sinn ëm de Gesondheetszoustand vun den Infizéierten huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Sonndeg de Mëtteg erkläert. D'Situatioun kéint awer séier änneren an dorop wier ee virbereet, mä aktuell wier d'Situatioun "iwwerschaubar". E Sonndeg de Owend géint 18.15 Auer koum du jo d'Nouvelle, dass et ee 5. Fall zu Lëtzebuerg géif ginn.

D’Zäit géif ee weider notzen, fir sech op all Eventualitéit ze preparéieren. Lëtzebuerg géif an eng zweet Phas vu Preparatioun goen, wou een an enkem Kontakt wier mat de Spideeler an den eenzelen Acteuren. E Sonndeg den Owend huet een dann och nach eng Reunioun mam Syvicol, esou dass een op "vollen Toure géing lafen", esou nach d'Paulette Lenert.

Back to Top
CIM LOGO