
Am entspriechende Projet de loi géif et allerdéngs flagrant Schwaachstellen a Widderspréch ginn, heescht et an engem Schreiwes vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg an Fair Mëllech. Hinne geet haaptsächlech géint de Stréch, dass just als ee méigleche Critère zeréckbehale soll ginn, dass fair Präisser fir de Bauer Standard solle ginn.
E System, dee vum Staat agefouert gëtt, misst existenz-séchernd Präisser awer op alle Fall virgesinn, an dat net just fir Lëtzebuerg, mä iwwert d’Grenzen eraus. Besonnesch wa Matière premièren aus Afrika, Asien oder Latäin-Amerika kéimen, an dann a staatlech markéiert Produite verschafft ginn.
Sou appelléiert een un den zoustännege Minister Romain Schneider, dat an engem entspriechende Gesetz och virzegesinn.
Et géif ëm d’Iwwerliewe vu ville Bauerebetriber goen.