VerwaltungsgeriichtGemengesteier op net-bewunnten Haiser vum Dësch

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Moossnam, vun där sech erwaart gëtt, dass se mat dozou bäidréit, de Wunnengsproblem ze léisen.

De Wunnengsproblem ass: d'Steier, déi Gemengen op Haiser oder Wunnengen erhiewe kënnen, déi eidel stinn. Aus reng formale Grënn huet d'Verwaltungsgeriicht elo d'Bezuele vu sou enger Steier vum Dësch gewëscht.

Den Tribunal administrativ huet nämlech de Recours vun engem Mann als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Schäfferot vun Esch-Sauer vun November 2016 an eng vum Buergermeeschter vum Mäerz 2017 annuléiert.

Doduerch huet en Awunner d'Gemengesteier fir en net-bewunnten Haus zu Eschduerf net ze bezuelen an d'Gemeng fir d'Fraisen opzekommen.

Am November 2016 hat de Schäfferot vun Esch-Sauer vun engem Awunner déi Steier reklaméiert fir säin Haus zu Eschduerf, dat zanter op d'mannst annerhallwem Joer eidel stéing. Engem Gemengereglement vun 2012 no wäre sou Gebaier mat enger Steier vun 1.000 € d'Joer ze beleeën. De Mann kéint bannent 3 Méint dogéint kloen; wann hien net schrëftlech Stellung bezéie géif, via en ageschriwwene Bréif un de Schäfferot, da wär d'Steier fälleg, an de Mann krit eng entspriechend Rechnung. Am Februar 2017 hat de Mann dës Steier duerch säin Affekot contestéiert an ënner anerem ervirgehuewen, dass zanter 2014 e Projet fir dat Haus an der Maach wär, deen awer blockéiert wär, well säin Architekt keng Äntwert vun der Gemeng kritt. De Buergermeeschter hat am Mäerz 2017 d'Contestatioune vum Mann zréckgewisen, well ënnert anerem keen entspriechende Projet virléich. De Mann war am Juni 2017 dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, de Constat vum net-Bewunne vum Haus géif dem Fait entsprangen, dass fir dat Haus keen am Persouneregëster vun der Gemeng ageschriwwe wär, zanter 18 Méint um Stéck.

Gemengereglementer oder -Arrêtéë misste vum Buergermeeschter oder engem Ramplassang ënnerschriwwen a vum Sekretär gekennzeechent ginn; eng Korrespondenz kéint iwwerdeems vum Buergermeeschter un een oder méi Schäffen delegéiert ginn.

D'Decisioun wär awer net ënnerschriwwen, mä géif just e Stempel vun de Gemengenautoritéiten droen; e Verwaltungsakt misst awer ebe vu sengem Auteur ënnerschriwwe sinn oder vun deem, deen eng Delegatioun de Signature krut. Eng net ënnerschriwwe Verwaltungsdecisioun géif net existéieren an e Stempel net duergoen, fir dass deen Akt gülteg wär. D'Decisioune vun November 2016 a Mäerz 2017 wären dofir z'annuléieren, woubäi déi zweet genannten Decisioun och dowéinst ongülteg wär, well se vum Buergermeeschter geholl gouf an net vum Schäfferot.

De Mann hätt awer keng Indemnitéit de procédure vu 1.500 an d'Gemeng keng vun 1.000 € zegutt.

Back to Top
CIM LOGO