
Um Freideg de Moie gouf een entspriechend Reglement am Escher Gemengerot ugeholl. Esou eng Tax gouf eigentlech schonn 2012 zu Esch gestëmmt, applizéiert gouf se awer bis ewell net.
Et gëtt geschat datt an der zweetgréisster Stad am Land 8 bis 9 Prozent vum Wunnraum net genotzt ginn, dat wiere ronn 1500 potentiell Logementer. Mat deem neien Taxe-Reglement wéilt ee responsabiliséieren fir kënnen ze mobiliséieren, esou den CSV-Buergermeeschter, Christian Weis, de Moien an der Gemengerotssëtzung.
"Dat bedeit, dass Wunnraum, Wunnengen an Haiser domadder betraff sinn, déi laut eiser Escher Reglementatioun fir d'Wunnen ze notze sinn. A wou zanter méi wéi 18 Méint keng Persoun hei gemellt ass an och net iwwert en zweete Wunnsëtz gewosst ass."
Am éischte Joer falen 50€ pro Quadratmeter un, 70€ am zweeten an 100€ ab dem drëtte Joer. Mat Ausnam vun der ADR, hunn all d'Parteien an der Gemengerotssëtzung fir dat neit Taxereglement gestëmmt. Et bräicht awer och ee Kontroll hannendrun hunn, huet d'Escher Oppositioun gefuerdert. Déi Lénk hunn an deem Sënn eng Motioun deposéiert. Dozou de lénke Gemengeconseiller, Marc Baum.
"Dat heescht, datt mer eis Rendez-vous ginn an enger Zäit, a puer Joer, wann déi éischt Erfarunge gesammelt ginn, mat där Tax, fir eng Evaluatioun ze maache vun der Wierksamkeet, der Effikassitéit vun där Tax, wéi vill Leerstand konnt mobiliséiert ginn domadder a sinn déi Stellschrauwen, un déi mer dréine gaange sinn, sinn et déi richteg"?
A wéi fannen d'Biergerinnen an d'Bierger déi nei Tax?
"Très bien. Parce que ça manque quand même de logements. Et le problème, c'est qu'il y a beaucoup de chambres qui sont louées au noir, sans papier de résidence. Et ça, ça devrait être stoppé."
"Et misst iwwerall sinn. All Gemeng misst dat maachen."
"Ces logements occupés qui sont faits pour un lobbying de maximiser le prix au mètre carré, je ne suis pas d'accord. En tant que résident étranger au Luxembourg, j'en paye le prix tous les mois, par rapport aux prix de loyer exacerbés."
"Also déi Mesurë si ganz gutt fir all Studenten, déi aus dem Ausland heihinner kommen an eebe Wunnenge sichen. Ech hu ganz vill Kolleegen, déi hei Wunnenge sichen an déi Situatioun ass eebe ganz schwéier och fir si."
Den Escher Buergermeeschter ass op alle Fall iwwerzeegt, Esch wier an deem Sënn ee Virbild och fir aner Gemengen. Seng Gemeng hätt op alle Fall schonn eng sëllegen Demandë vun anere Gemenge kritt, fir een Entworf vum neie Reglement ze kréien.