Fir MandatstrennungGemeinsame Positionnement vun de Jugend-Parteien am Land

RTL Lëtzebuerg
D'Jugend-Organisatioune vun den 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, hunn eng Petitioun lancéiert, fir eng Mandatstrennung bis spéitstens 2023.

Sou heescht et an der Petitioun 1507, déi schonn um Chambersite steet, awer bis ewell nach net duerch déi zoustänneg parlamentaresch Kommissioun als recevabel erkläert gouf. D’JDL, Déi jonk Gréng, d’JSL, CSJ, d’Jonk Piraten, Adrenalin an Elo, fuerderen deemno, dass vun 2023 un en Deputéierten net gläichzäiteg och e lokaalt Mandat an engem Schäfferot dierft ausüben. Doduerch sollen d’Mandater méi professionaliséiert ginn, heescht et an der Argumentatioun vun de 7 Jugend-Parteien.

Den 11. Mäerz ass d’Petitiounskommissioun beieneen, fir ze kucken wéi ng nei Petitiounen als recevabel erkläert ginn. Kritt dës gréng Luucht, kann ee se dann eréischt ënnerschreiwen.

D’Mamme-Parteie plädéieren iwwregens och an déi Richtung, dass d’Deputéiert sech an Zukunft sollen reng op hiert nationaalt Mandat konzentréieren, wann och, jee no Partei, mat Nuancen.

Back to Top
CIM LOGO