
Am Prozess um Stater Geriicht géint zwee Männer wéinst zwee Morden am November 2016 um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam sinn en Donneschdeg um 11. Dag déi zwee lescht Zeie gehéiert ginn - e Kolleg an e Bekannte vum Haaptbeschëllegten. Si hunn dobäi ausgesot, datt dee 36 Joer ale Mann hinne géintiwwer béid Doten zouginn hätt.
Wat déi 1. ugeet, wär hien do net eleng gewiescht an net gefuer, hätt hanne gesiess an dem Drogendealer vun do an de Kapp geschoss. Wat déi 2. betrëfft, hätt hien d'Prostituéiert iwwert dem Fueren doutgemaach.
Hien hätt den Haaptbeschëllegten den Dag no der 2. Dot fir d'Lescht gesinn, sot de Kolleg en Donneschdeg. Dem Mann säin Auto hätt an der Afaart gestanen - do, wou en normalerweis ni stoung, an d'Bäifuererfënster wär gebrach gewiescht. Den Haaptbeschëllegte wär du bei hie komm, dat mat de Wierder: „Ech soen der elo eppes: Duerno am Radio kënnt dat!"
Dunn hätt hien erkläert, mat enger Prostituéierter ënnerwee gewiescht ze sinn, déi ëmbruecht a se beim Fräiheetsbam leie gelooss ze hunn. De Kolleg goung am Ufank vun enger vun den übleche Geschichte vum Mann aus an hätt eréischt nogeduecht, wéi d'Informatioun effektiv um Radio koum. Hien hätt schonn un eng Geschicht geduecht gehat, wéi hien no der 1. Dot eng Foto vun enger bluddeger Box an engem Schalldämpfer krut.
Wéi d'Police dunn ugeruff huet, fir ze froen, ob hien den Haaptbeschëllegte kenne géif, hätt hie sech denke kënnen, ëm wat et goe géif. Hien hätt net gewosst, ob hie sollt bei d'Police goen an tëscht zwee Still gesiess: Engersäits wär hie gutt mam Mann eens ginn, anerersäits konnt hie sech denken, wat geschitt war. Well de Mann och hie bedreet hat, wär hien um Enn net bei d'Police gaangen. Den Haaptbeschëllegten hätt nach gesot, hie géif sech net festhuele loossen, mä alles plattmaachen.
Och de Bekannte krut en Donneschdeg, genee wéi de Kolleg, virgehalen, datt d'Prostituéiert vläicht nach liewe géif, wa si mat Zäite mat hirem Wësse bei d'Police gaange wären. Datt den Haaptbeschëllegten an de Stonnen no der 1. Dot 37 Mol probéiert hat, via Handy un hien ze kommen, konnt sech de Bekannten nëmmen domat erklären, datt de Mann Droge vun him wollt.
„Dir wësst, wat do feelt, an Dir sot eis et net!", huet de Vertrieder vum Parquet him an d'Gewësse geriet. De Mann hat awer all déi entspriechend Donnéeën op sengem Handy geläscht.
Dëse Prozess geet en Dënschdeg no der Allerhellgen-Vakanz virun.