Ouni Récksiicht op VerloschterGeféierlech Course-Poursuite tëscht Hesper a Fréiseng

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun engem Chauffer, deen en Donneschdeg den Owend duerch säi Fuerverhalen opgefall ass.
© RTL

Géint 19.13 Auer koum et zu enger Course-Poursuite vun Hesper op Fréiseng. Wéi d'Police schreift, hätt de Fuerer ouni Récksiicht op Verloschter aner Persounen am Verkéier a Gefor bruecht. Duerch hir séier Reaktiounen hätt een awer kéinte schlëmmer Accidenter verhënneren.

Ugefaangen hat dëse Policeasaz mat enger Policekontroll. D'Beamte goufen op en Auto opmierksam, deen net richteg ugemellt war. An der Route de Thionville zu Alzeng gouf d'Gefier gestoppt. De Chauffer ass kuerz stoe bliwwen, éier hie sech mat Vollgas a Richtung Fréiseng duerch d'Bascht gemaach huet. Mat héijer Vitess huet hien eng Partie Autoe geféierlech iwwerholl, ënnert anerem op der N3 an op der Héicht vun der "Haffstrooss" zu Fréiseng. Donieft ass hien op de Kräizunge "Schlammestee" an zu Fréiseng iwwer Rout gefuer. Wärend der Course-Poursuite gouf versicht, de Policewon vun der Strooss ze drécken.

Nodeems den Automobilist d'franséisch Grenz erreecht hat, huet d'Verfolgungsjuegd missen ofgebrach ginn. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Wien eppes vun dësem Virfall matkrut, ass gebieden, sech bei der Police Hesper via Telefon (244 461000) oder Mail (police.hesperange@police.etat.lu) ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO