D'Stad lieftGarer Maart eng éischte Kéier op der Paräisser Plaz, Theaterplage vun elo un op

Monica Camposeo
No 2 Joer Chantier konnten en Donneschdeg eng éischte Kéier Clienten um Garer Maart op der Paräisser Plaz empfaange ginn.
Garer Maart eng éischte Kéier op der Paräisser Plaz
No 2 Joer Chantier konnten en Donneschdeg eng éischte Kéier Clienten um Garer Maart op der Paräisser Plaz empfaange ginn.

Mam neie Wochemaart soll de Quartier elo nees opliewen. Fir en Donneschdeg hate sech allerdéngs eréischt eng 10 Stänn fir déi zwou Säite vun der Paräisser Plaz ugemellt. D'Iddi ass, dass op der enger Säit vun den Tramsschinnen d'Iess-Stänn an op der anerer Kleeder, Hitt a soss Géigestänn ze fanne sinn. Déi Maartleit, déi do waren, hu sech scho ganz optimistesch gewisen. Virun allem de Passage vu Leit, well d'Paräisser Plaz jo direkt beim Tram-Arrêt läit, wier immens positiv, sou ee vun de Maartleit.

Impressioune vun de Maartleit

Et wier e Virdeel, dass de Maart bis 14 Auer mëttes ass, da kéinten nämlech och nach Leit, déi an der Géigend schaffen, an hirer Mëttespaus dovunner profitéieren.

Wéi et en Donneschdeg de Moien um hallwer 8 lass goung, war nach net ganz esou vill lass, ma eng Partie Leit sinn awer scho bei de Stänn stoe bliwwen.

D'Lag wier ganz flott, wéi eis e puer Leit gesot hunn, an och, dass de Chantier elo fort wier, géing et vill méi agreabel maachen. Och wann ee net geziilt op de Maart kënnt, wier et praktesch an et kéint ee beim Laanschtgoen eppes fannen an dann och mol stoe bleiwen. Par contre wier de Maart nach ze kleng an et géing nach un Uebst a Geméis feelen. Do ass et och d'Hoffnung vun de Clienten, dass nach weider Stänn bäikommen.

Impressioune vun de Clienten

De Maart soll och nach wuessen. Och e Karussell ass am Kader vum Projet „D'Stad lieft" nach geplangt.

Nieft dem Stater Gare ass awer och d'Plage op der Theaterplaz nees op bis de 16. September. Op 350 Quadratmeter kann een deemno nees d'Féiss an de Sand stiechen, eng Ronn Petanque spillen a sech bei flotter Vakanzenambiance entspanen.

Theaterplage bis de 16. September op
Op 350 Quadratmeter kann een nees d'Féiss an de Sand stiechen, eng Ronn Petanque spillen a sech bei flotter Vakanzenambiance entspanen.

PDF: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg zum Garer Maart

Back to Top
CIM LOGO