
Ob et och eréischt ëm déi Zäit gebaut gouf, kéint een awer net soen. Et kéint nämlech sinn, dass d'Alentoure sou zougewuess waren, dass een d'Haische ganz einfach net matkritt huet.
Op enger Kaart vum Ökofonds aus dem Joer 1987 iwwer Biotopen an der Gemeng Déifferdeng ass d'Haischen allzäit och net erfaasst.
Am Reglement grand-ducal vun 1991 iwwert d'Naturreserv Prënzebierg steet, dass op der Parzell 1872, nieft z.B. Terrassementer, ë.a. „toute construction incorporée au sol ou non“ verbueden ass.
Dat ass d'Konklusioun vun engem juristeschen Avis zur Affär Gaardenhaischen, deen an de Kreesser vun der Chamberoppositioun zirkuléiert.
Well déi ëmstridden Aarbechten op enger Parzell an der Naturreserv Prënzebierg duerchgefouert goufen, ware se net autorisabel, soudass eng Regularisatioun ex post net méiglech war. D'Ministesch hätt de Schantjen zoumaachen an, parallel dozou, d'Faiten um Parquet denoncéiere missen. Dat ass d'Konklusioun vun engem juristeschen Avis zur Affär Gaardenhaischen, deen an de Kreesser vun der Chamberoppositioun zirkuléiert an deen RTL virläit. Un deem Text hunn e puer Juriste geschafft.
D'Gaardenhaische steet op enger Parzell, op där, dem Reglement grand-ducal vun 1991 iwwert d'Naturreserv Prënzebierg no „toute construction incorporée au sol ou non“ verbueden ass. D'Autorisatioun, déi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg den 12. August ausgestallt huet, wär contraire dozou, heescht et an deem Avis. Deemno hätt d'Ministesch, amplaz déi Geneemegung am „Nachhinein“ ze ginn, d'Fortféiere vun den Aarbechte verbidden an d'Faiten direkt beim Procureur d'État denoncéiere missen. Constructiounen an enger sougenannter Zone protégée géifen nämlech eng strofrechtlech Infraktioun duerstellen.
D'Carole Dieschbourg hätt donieft all Informatiounen iwwert d'Konzeptioun vum Projet nofroe missen, genee wéi e manner wéi 3 Méint alen Extrait vum Kadaster. Ouni dës Piècen ze hunn, hätt den Dossier bei de Roberto Traversini zréckgoe missen an net dierfen traitéiert ginn. Hätten dës Piècë virgeleeën, wär doraus ervirgaangen, dass d'Parzell an enger Naturreserv läit, seet den Avis nach.
D'CSV fuerdert iwwerdeems, dass déi zoustänneg parlamentaresch Ëmweltkommissioun, d'Urgence, bis spéitstens e Mëttwoch convoquéiert gëtt. Weider fuerdert d'Oppositiounspartei, dass direkt um Ufank vun der Sitzung dee kompletten Dossier mat der Autorisatioun den Deputéierten zur Dispositioun gestallt gëtt.
Um 14.30 Auer ass ee Point Presse vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. RTL ass live mat derbäi.