Zënter dem 21. August ginn de Visiteuren hei 41 Attraktiounen a Stänn proposéiert. Net esou grouss a voll wéi mir et vun der Schueberfouer gewinnt sinn an awer ass de "Fun um Glacis" fir d'Forainen e grousse Succès.
Ob elo fräie Fall oder vun engem Looping an deen aneren. Eng Woch scho kommen Adrenalinjunkies um "Fun um Glacis" op hir Käschten. Trotz groem Himmel an e puer Reendrëpse waren de Sonndeg de Mëtteg eng Partie Leit um Glacis ënnerwee. Dat freet natierlech och d'Forainen.
"Mat de Visiteurszuelen ass et e bësse wéi mir eis dat erwaart hunn. Et ass keen enormen Undrang, mee et sinn awer andauernd Leit do. Owes sinn der méi do, well et eng méi schéin Ambiance ass, wann d'Luuchten all u sinn. Mee bis elo si mir ganz zefridde sou wéi et ass.",esou de Charel Hary, de President vun der Forainsfederatioun.
Am Beräich vun den Attraktiounen a Spiller dierfen d'Leit sech fräi beweegen. Et muss ee just permanent de Mask ophalen, dat och um Spill selwer. Wëll een da ganz traditionell eng Tut Nougat oder aner Schneekegkeeten kënnt een an de Beräich vum Covid-Check. Dat hält d'Leit awer net dovun of, ze kommen. Dës Terrass war iwwert déi leschten Deeg ëmmer gutt gefëllt.
"On a démarré très positivement, les gens sont là. Le système de Covid-Check a l'air de bien fonctionné. Je suis très optimiste pour les prochaines semaines puisqu'il n'a pas de différence entre les jours de semaines et les weekends. On a tous les jours le monde qui est présent. Tout se passe vraiment presque trop bien.", esou den
Alexandre Dotremont, Besëtzer vun engem Iessstand.
An de soziale Medie steet de Fun um Glacis awer och an der Kritik. Ze héich Präisser oder ze laang Waardezäiten, fir duerch de Covid-Check ze kommen. Op der Plaz krut een dës Kritik awer net esou mat.
"Ech fannen et gutt esou. Et huet ee Plaz, et ass ee sécher, et kritt ee gutt ze iessen. Also ech si ganz zefridden."
"On s'amuse bien ici."
"Ech fannen et gutt rëm bëssen ënner Leit ze sinn an d' Méiglechkeet ze hunn bësse Spaass ze hunn."
De Fun um Glacis ersetzt zwar keng Schueberfouer. No annerhallwem Joer ouni gréisser Kiermes sinn d'Foraien awer méi wéi zefridden. De Fun um Glacis hätt e grousse Succès.