Réckruff"Fruit & Nut Bars - Brazil & Sultana" aus Regaler geholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Liewensmëttelsécherheet um Méindeg matgedeelt huet, besteet beim Produit de Risk vu Salmonellen.

Betraff ass de Produit "Fruit & Nut Bars - Brazil & Sultana (mat Afennëss a Mandelen) vun der Mark "Eat Natural". De Produit gouf eenzel an am Multipak (3x) verkaaft.

Betraff sinn d'Produite vu 50 Gramm mam Code Barre EAN 50676262 (Eenzelpak) respektiv EAN 5013803666149 (Multipak), déi vum August 2020 bis de Juni 2021 gutt sinn.

De Produit gouf a verschiddene Geschäfter uechter d'Land verkaaft.

Leit, déi Symptomer hunn, wéi Iwwelzegkeet, Krämp an der Mogéigend, Féiwer oder Kappwéi, sollen hiren Dokter consultéieren.

PDF: Schreiwes vun der Liewensmëttelsécherheet

Back to Top
CIM LOGO