
D'Affekote vum Gerant a vun engem Viraarbechter vun enger Baufirma hunn eng Suspension du prononcé an de Fräisproch fir hir Cliente gefrot.
En Aarbechter vun deemools 39 Joer war erdréckt ginn, nodeems eng Stëtzmauer ofgebaut gi war an den Onglécklechen duerch de Buedem, deen dës Mauer zeréckgehalen hat, verschott gouf. Um Ufank vun der Sëtzung hat de Viraarbechter vu sengerzäit 5 Leit ausgesot, dass ënner anerem d'Affer net zu senger Ekipp gehéiert hätt.
3 Deeg virum fatalen Accident hätt et eng Reunioun um Schantje gi mat alle Responsabelen, dat heescht och mat Vertrieder vun der Gemeng a mam Gerant. D'Gemeng hätt dobäi gesot, et misst alles ofgebaut an näischt do gelooss ginn, et wär urgent. Well säi Patron net Nee sot, hätt dat fir hie bedeit, dass déi Aarbechte sollte gemaach ginn, sou de Viraarbechter. Doropshi wär d'Affer op de Chantier geschéckt ginn, en Aarbechtskolleeg, deen den Ugeklote laang kannt huet. Dee Mann wär ëmmer geruff ginn, wann eppes ze schneide war. Hie wär um Schantjen ukomm, hätt gefrot, wou d'Puttere wären, seng Saache geholl an ugefaange mat schaffen. De Viraarbechter, dee betount huet, Steemetzer ze sinn an net Expert, hat geduecht, et wär sécher. Et wär déi 1. Kéier gewiescht, dass eng Stëtzmauer ganz sollt ewechgeholl ginn, woufir hie keng Formatioun kritt hat. Nom Accident wär anescht geschafft ginn.
Fir den Affekot vum Gerant hätt deen net gesot, dass d'Stëtzmauer sou sollt ofgebaut ginn. De Me Philippe Penning huet och ënnerstrach, dass just déi zwee Männer an d'Firma viru Geriicht stéingen, net awer d'Gemeng. Déi richteg Strof fir säi Client wär eng Suspension du prononcé, dat heescht et géif wuel festgehale ginn, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach ginn. D'Affekotin vum Viraarbechter huet iwwerdeems deem säi Fräisproch verlaangt. An den Ae vun der Me Koops wär sech hire Mandant der Gefor um Schantjen net bewosst gewiescht, e Mandant, deen och keng Formatioun fir d'Ofbaue vun enger Stëtzmauer kritt hätt. Dogéint huet d'Me Ana Alexandre 150.000 € Schuedenersatz fir d'Wittfra an déi zwee Kanner vum Affer gefrot.
Dëse Prozess geet en Donneschdeg mam Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet op en Enn.