126 amplaz 70 op der A3Fra zu 800 Euro Geldstrof a Fuerverbuet mat Sursis veruerteelt

RTL Lëtzebuerg
Den Affekot vun der Fra hat nach argumentéiert, datt d'Règlement ministériel vum François Bausch net legal wier.
© RTL (Archiv)

Eng Geldstrof vun 800 € an e Fuerverbuet vu 6 Méint mat Sursis: Dozou gouf um Stater Geriicht eng Fra verurteelt, an enger u sech banaler Circulatiounsaffär.

Si hat sech wéinst op en Neits ze séierem Fueren ze veräntweren. D'Fra war am Mäerz zejoert op der Escher Autobunn mat 126 Kilometer an der Stonn geblëtzt ginn, do wou u sech just 70 erlaabt war. Hiren Affekot hat awer ënner anerem argumentéiert, dass e Règlement ministériel vum François Bausch vu Januar 2019, fir d'Vitesse op där Plaz ze reduzéieren, illegal war. D'Riichterin ass allerdéngs net mat op dee Wee gaangen.

Back to Top
CIM LOGO