Zeienopruff vun der PoliceFra krut am Tram de Portmonni geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no engem Mann, deen eventuell kéint gesinn hunn, wéi leschte Sonndeg eng Fra hire Portmonni am Tram geklaut krut.

Méi genee hat den Onéierlechen der Fra de Portmonni tëscht 11.55 Auer an 12.29 Auer am Tram tëscht der Gare an dem Arrêt Hamilius aus der Posch geklaut.

D’Police sicht an deem Kontext no engem Mann, deen och am Tram war an eventuell den Déifstall gesinn huet.

De Mann an aner méiglech Zeie si gebieden, sech bei der Police aus der Stad ënner der Nummer 244 40 1000 oder per Mail u police.luxembourg@police.etat.lu mellen.

Trickdéifstall am Garer Quartier

Donieft mellt d’Police nach en Trickdéifstall an der Stad. En Donneschdeg den Owend war deemno e Mann an der Rue de Reims am Garer Quartier vun engem anere Mann ugeschwat ginn, dee gemaach huet, wéi wann déi zwee sech géinge kennen. Wärend dem Gespréich huet den Täter dem Affer den Handy geklaut an ass geflücht. D’Police huet Ermëttlungen opgeholl.

D’Police rappelléiert dann och hir Preventiounsmesuren, fir sech géint Trickdéifställ ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO