An der StadFra gouf mat Glas an d'Gesiicht geschloen a gouf schwéier blesséiert
RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie fréi géint 3 Auer koum et an der Stad an der Rue Dicks an engem Lokal zu enger Ausenanersetzung tëscht zwou Mataarbechterinnen.
Update: 10.12.2025 14:22
Hei huet eng Fra déi aner mat engem Glas an d'Gesiicht geschloen, déi dobäi schwéier blesséiert gouf an an d'Spidol koum. D'Täterin gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.