Déidlechen Accident op der A3Fra gëtt aus bis elo onerklärleche Grënn vun Auto erfaasst a stierft op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'A3 war och fir eng Zäit komplett gespaart. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d'Plaz geschéckt, fir de Virfall nozevollzéien.
© RTL Archiv

Géint 16 Auer koum et e Mëttwoch zum déidlechen Accident op der A3, tëscht der Ausfaart Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz a Richtung Frankräich.

Eng Fra, déi virdrun an engem Auto souz, deen eng Pann hat, gouf aus bis ewell onerklärlecher Ursaach vun engem Auto erfaasst. D'Fra, déi aus Frankräich kënnt, ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt.

D'Autobunn war nom Accident fir de Verkéier gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO