No SichaktiounFra (76) vu Gaasperech dout tëscht Hënsdref a Pretten fonnt ginn

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt traureg Gewëssheet. D'Fra vu Gaasperech, déi zënter ugangs dës Mounts vermësst gouf, ass dout.

Hir Läich gouf elo am spéide Freideg de Moien tëscht Hënsdref a Pretten am Kader vun enger grousser Sichaktioun entdeckt. Am Ganze waren 70 Leit am Asaz.

Et gëtt eng Autopsie gemaach, fir déi genee Doudesursaach festzestellen.

Back to Top
CIM LOGO