"FlyingIsAnArt"Fliger mat Speziallook vu Lëtzebuerger Kënschtler Sumo

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am spéiden Nomëtteg huet d'Luxair eng Boeing 737 mat spezielle Stickere presentéiert.
© Peter Bakema

Dat ënnert dem Motto "FlyingIsAnArt", deemno: Fléien ass Konscht. Am Video vun der Luxair kënnt Dir Iech de Fliger elo ukucken.

200 Stonne kënschtleresch Aarbecht sinn an dëse Projet gefloss, 19 Stonnen an 11 Persoune waren am Asaz, fir de Fliger vun der Luxair mat de Biller vum Sumo ze dekoréieren.

De Projet "FlyingIsAnArt"

Virum Hannergrond vun der Covid-19-Pandemie wollt déi national Fluchgesellschaft den Universum vum Reesen an der Konscht ënnert een Hutt bréngen, dat duerch dës speziell vum Lëtzebuerger Kënschtler Sumo ugefäerdegt Stickeren.

Bis an de Mäerz 2021 era bleift d'Maschinn vum Typ Boeing 737 esou "gekleet" an den éischte Vol wäert e Samschdeg vu Lëtzebuerg a Richtung Ajaccio (LG-277) goen. An den nächsten Deeg wäert d'Luxair och nach en neie Look vun enger De Havilland Q400 presentéieren.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO