Fra onsittlech beréiertFir e Kiné aus dem Éislek ass et bei enger Geldstrof bliwwen

RTL Lëtzebuerg
Fir e Kiné aus dem Éislek blouf et en Dënschdeg am Nomëtteg op der Cour d'appel an der Stad bei enger Geldstrof vun 2.500 Euro.

Wéinst Attentat à la pudeur war de Mann schonn an 1. Instanz um Dikrecher Geriicht dozou verurteelt ginn. Him war reprochéiert ginn, enger jonker Fra am Juni 2017 a senger Praxis un d'Brëscht gaangen ze sinn. Si hat dofir Schuedenersatz an Héicht vu 750 € zougesprach kritt.

Back to Top
CIM LOGO