
D’Presidentin vun der Fedil entschëllegt sech, wann hir Aussoen e Freideg op RTL ee verletzt hätten. Dat huet d’Michèle Detaille matgedeelt, nodeems et deels hefteg Reaktiounen op en Interview op RTL Radio Lëtzebuerg gouf.
An hirem Message schreift d’Presidentin vun der Fedil, si hätt en déiwe Respekt virun der parlamentarescher Demokratie an d’Institutiounen. Hiren Objektiv wier et net gewiescht, d’Decisioun vun der Justiz ze kritiséieren. Déi, déi si géinge kennen, wéissten och, datt si besonnesch vill Respekt hätt fir déi, déi ëffentlech Funktiounen erfëllen. D’Michèle Detaille schreift um Schluss hir Suerg wier um Fong: „Ech wollt just rassuréiert sinn iwwert d’Attraktivitéit vum Land am Kader vun de Reegelen, déi am rezenten Arrêt vum Verwaltungsgeriicht festgehale goufen.“
"Si certains de mes propos de ce matin sur RTL, ont heurté ou blessé, je prie chacun de m’en excuser.
J’ai un profond respect pour la démocratie parlementaire et nos institutions. Mon objectif n’était pas de critiquer une décision de justice récente. Ceux qui connaissent mon parcours savent aussi que j’éprouve un respect tout particulier pour ceux qui exercent des fonctions publiques.
Ma préoccupation ici porte sur le fond : Je voudrais simplement être rassurée sur l’attractivité du pays dans le cadre des règles dégagées par le récent arrêt."
E Freideg de Mëtteg kruten d'Deputéiert an der Mediekommissioun vun der Chamber en Abléck an de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat, RTL Group, CLT-UFA a Bertelsmann. De Premier a Medieminister Xavier Bettel koum an d'Kommissioun, fir mat de Volleksvertrieder iwwert den Arrêt vun der Cour administrative ze schwätzen.
Der Michèle Detaille no géing et kee Sënn maachen, esou Informatiounen u Parlamentarier ze ginn, déi absolut keng Anung hätten. An dës Aussoe suergen zanter e Freideg de Moie fir vill Reaktiounen, notamment ënnert den Deputéierten.
De fréiere Chamberpresident an LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo seet sech erféiert iwwert der Fedil-Presidentin hir Aussoen a Saachen Transparenz. Ugefaange mat hirer Meenung, datt et Transparenz nëmmen an Diktature géif.
"Just well ee sech deemools als Deputéiert inkompetent gefillt huet, sollt een dat net op anerer projezéieren, déi eng anstänneg Aarbecht maachen!", twittert den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement. An engem Communiqué soe sech d'Piraten carrement entsat iwwert d'Aussoen am Interview. Et géif een hoffen, datt der Madame Detaille hir Aussoen net d'Vue vun engem ganzen Industrie-Secteur zu Lëtzebuerg erëmspigelt. Hiert Verständnis vun Demokratie wier all Zäit en anert.
"Wann Chamber hiert Kontrollrecht géint iwwer der Regierung ausüübt, ass dat net "idiotesch a kontraproduktiv", mä ass dat hir Aufgab. Kontraproduktiv si par contre der Madame Detaille hir Aussoen", mengt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
An de Marc Spautz vun der CSV freet sech op dat do d'Meenung vun der Madamm Detaille oder vun der ganzer Fedil ass. Wéi stelle sech déi aner Conseilsmemberen zu der Ausso, déi eng Attack op den Etat de Droit an de Sozialdialog wier.
D'Porte-Parole vun déi Lénk, Carole Thoma notéiert hirersäits op de soziale Medien, et kéint een der Mme Detaille just fir Éierlechkeet Merci soen. Neoliberalismus a fräie Maart wieren net automatesch Demokratie, mä dacks de Contraire.