
Zu Bouneweg hat ee Mann ee Familljemember op Besuch, dee vun engem Bekannte begleet gouf. Wärend der Visitt koum et zu enger Ausernanersetzung a schliisslech zu engem handgräifleche Sträit, bei deenen de Proprietär vum Haus vum Familljemember uerg am Gesiicht blesséiert gouf. Den Ugräifer a seng Begleedung hunn doropshin d'Wunneng verlooss an de Proprietär verwonnt a senger Wunneng leiegelooss. Dëse konnt nach selwer d'Rettungsdéngschter kontaktéieren a gouf doropshin an d'Klinik gefouert. De Visiteur a seng Begleedung konnte gestallt ginn, den Ugräifer gouf festgeholl an ass virun den Untersuchungsriichter komm.
Zu Roudemer géint 22.15 Auer hunn e puer Gäscht an engem Café randaléiert, nodeems si vum Patron opgefuerdert goufen, méi lues ze sinn. Et gouf mat Glieser geschoss an de Patron gouf vun engem Gaascht mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen. D'Gäscht sinn du fortgelaf, ouni hir Rechnung ze bezuelen. D'Police huet eng Enquête lancéiert.