D'Meenungsfräiheet ass zanter 2012 weltwäit ëm ronn zéng Prozent zeréckgaangen. Dat geet aus dem neisten UNESCO-Rapport iwwer d'Pressefräiheet ervir. Gläichzäiteg sti Journalisten ëmmer méi ënner Drock – net nëmmen duerch Gewalt oder Online-Menacen, mee och duerch sougenannte SLAPP-Kloen. Dat si strategesch Kloe vu Politiker oder Entreprisen, déi Journalisten duerch deier a laang Geriichtsprozeduren aschüchtere sollen. Den Akronym SLAPP setzt sech aus den Ufanksbuschtawe vum engleschen Ausdrock "Strategic Lawsuit Against Public Participation" zesummen.
Eng nei EU-Direktiv an en neie Lëtzebuerger Gesetzestext sollen esou abusiv Plaintë stoppen.
1.300 dëser SLAPP-Kloe goufen an de leschte 15 Joer an Europa gezielt. Och zu Lëtzebuerg wieren esou abusiv Plainten e grousse Problem, seet de Misch Pautsch, President vum Presserot:
"Ee Fall, dee mir viru Kuerzem bäigeluecht gouf, war wou eng Persoun op 15.000 Euro ugeklot gouf, well si eng Beruffsbezeechnung vun enger anerer Persoun falsch geschriwwen huet. Dat heescht, do gouf an engem Artikel eng, wéi gesot gouf, anscheinend falsch Beruffsbezeechnung benotzt. A well probéiert ginn ass, dat als Diffamatioun duerchzebréngen, gouf déi Persoun wéinst enger falscher Beruffsbezeechnung op 15.000 Euro verklot. Déi Persoun huet natierlech de Prozess viru Geriicht gewonnen, mee dat war trotzdeem eng Affär vun 2,5 Joer, wou ee sech freet: 'Ok, wéi geet et elo weider?'"
D'EU huet dofir am Fréijoer 2024 eng Anti-SLAPP-Direktiv gestëmmt, fir abusiv Kloe méi séier kënnen ofzeweisen. Elo misst virun allem de politesche Wëllen do sinn, fir dës europäesch Reegelen och an den eenzele Länner konkret ëmzesetzen, esou d‘Flutura Kusari vum Europäeschen Zentrum fir Presse- a Mediefräiheet:
"Mir hunn elo europawäit gemeinsam Reegelen a Standarde géint SLAPP-Prozesser. Elo geet et virun allem drëms, datt déi eenzel EU-Länner dës Reegelen och wierklech an hir national Gesetzer iwwerhuelen. Bis elo hunn dat awer eréischt néng Memberstaate gemaach. Lëtzebuerg ass dobäi awer eent vun de positive Beispiller, well de geplangte Gesetzestext zu de beschte Modeller an Europa gehéiert."
Dobäi kënnt awer, datt d'EU-Direktiv just da gräift, wann et eng grenziwwerschreidend Klo ass, erkläert d‘Anne Calteux, Representante vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg:
"Dat ass esou, well mir als EU eis net kënnen an national Juridictiounen amëschen, bei nationale Prozedure bei de Geriichter, mee soubal en Element transfrontalier virläit, kënne mir agräifen an da kënne mir legislativ virgoen."
D'Regierung huet dowéinst en eege Gesetzesprojet op den Instanzewee bruecht, fir d'Journalisten hei am Land virun abusive Kloen ze schützen. Nëmmen esou kéint een d'Pressefräiheet garantéieren, seet de Premier Luc Frieden:
"Pressefräiheet ass ee weesentlechen Deel vun eiser Demokratie, dofir wäerte mir se ëmmer verdeedegen, ëmmer ënnerstëtzen, well mir wëllen Demokratie, de Rechtsstaat, dat wat eigentlech europäesch ass, och hei zu Lëtzebuerg verdeedegen. Dat ass fir eis esou wesentlech, dass et do keng Nuance dierfe ginn."
Mam Lëtzebuerger Gesetzesprojet wier ee generell relativ zefridden, sou nach de President vum Presserot. Et géing bei där ganzer Saach just eng grouss Hannerdier ginn:
"An dat ass de Côté pénal. Am Moment gëtt et am Gesetz virun allem de Côté civil. Dat wat do steet, si mir esouwäit relativ zefridden, natierlech kann ee bëssi piddele goen, an do an do bëssi eppes änneren, mee de grousse Problem ass, an dat ass wierklech dat, wouvun et ofhängeg wäert sinn, ob dat heiten iwwerhaapt sënnvoll ass als Exercice jo oder nee, dat ass, dass duerno de Côté pénal och onbedéngt muss mat erakommen, well soss mécht een dat nämmlecht wéi een elo iwwert de côté civil mécht einfach iwwer de Côté pénal."
Ob déi nei europäesch Reegelen tatsächlech e bessere Schutz bréngen, hänkt elo dovun of, wéi konsequent déi eenzel Länner se och an der Praxis ëmsetzen.
Iwwregens riichten esou SLAPP-Kloe sech net exklusiv géint d'Press. Ronn ee Véierel vun de Plaintë si géint ONGe geriicht, déi onbequeem Wourechten opdecken.