
Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir. De sougenannten Visupol-System ass jo schonn an der Stad Lëtzebuerg operationell. An zejoert hat den Interieur d’Demanden vun Esch an Déifferdeng autoriséiert. De Léon Gloden huet um Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun e Gesetzprojet deposéiert, fir ënnert anerem d’Autorisatiounsprozedur ze vereinfachen.