
D'Deputéiert kruten d'Resultater vun der Pisa-Etüd presentéiert a konnten dem Minister Froen dozou stellen.
"Et muss ee sech éierlech agestoen, datt net alles richteg gemaach gouf!" Dat huet d'LSAP-Deputéiert Francine Closener betount. Et kéint een zwar net soen, datt näischt an der nationaler Schoulpolitik geschitt wier, mee:
“Wat eis mengen ech awer feelt, ass de Beweis, datt déi Reformen och dat bruecht hunn, wat ee sech erwaart huet. Well knapps ware se agefouert, da koum schonn déi nächst an haut wësse mer eigentlech net méi richteg, wat huet eppes bruecht a wat huet näischt bruecht, well iergendeppes ass jo awer schifgaang, soss wiere jo trotz deene ville Reformen déi Resultater net esou wéi se sinn.”
Och fir de Fred Keup misst ee sech d’Fro stellen, ob a wat d’Reformen tatsächlech bruecht hunn. A sengen Ae wieren eng ganz Partie Decisiounen, déi getraff goufen, net déi richteg gewiescht.
D'Corinne Cahen vun der DP wollt iwwerdeems wëssen, wat e Land wéi Estland, wat immens gutt an der Etüd ofgeschnidden huet, dann anescht mécht. Den Direkter vum SCRIPT, Luc Weis:
”Si hunn an den 2000er Jore richteg Entscheedunge geholl, si hunn op d'Léierprozesser gesat, si hunn d'Léierprozesser an de Mëttelpunkt gesat, manner vläicht d'Léier Outcomes, wéi dat a Systemer gemaach gëtt, wou da ganz vill op d'Prüfunge Wäert geluecht gëtt. Si hunn transversal Approchen och favoriséiert, si iwwerdroen dem Schüler bei héije Leeschtungufuerderunge vill Verantwortung fir d'Léieren an hunn natierlech do ganz vill an d'Léierausbildung investéiert.”
Virun allem dat schlecht Resultat vun der Lies-Kompetenz war e grousst Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun. Dat wier och seng gréisste Suerg an e groussen Defi, huet de Minister Claude Meisch betount.
D'Djuna Bernard vun déi Gréng sot, datt vill an der Bildungswelt ugestouss gi wier, mee datt a punkto Chancëgerechtegkeet nach Loft no uewe wier:
“Den Niveau vum sozioekonomeschen Hannergrond, deen ass jo hei frappant mat den 130 Punkten Ënnerscheed, déi hei däitlech gi sinn. An ech mengen, dass mer och wierklech eis an deenen nächste Joren do ganz besonnesch drop musse konzentréieren. Ob een elo d'Korrelatioun do mécht mat de Crèchen an der Friembetreiung, ass dat eent. Ech froe mech awer och nach an deem Zesummenhang, a wéi wäit een net och misst eng nei Evaluatioun maachen, wéi vill de Precoce hei en Impakt huet oder dee gewënschten Impakt hat an huet, déi mer eis jo gewënscht hunn, och an deem heiten Hibléck.”
Souwuel d'Francine Closener vun der LSAP, wéi och den David Wagner vun déi Lénk hunn dann och de Contingent ugeschwat. Den Educatiounsminister Claude Meisch sot dozou:
“Mer mussen awer och emol eng Kéier realistesch sinn. Mir hunn Iech hei schonn e puermol dokumentéiert, wéi vill Contingent, datt mer zousätzlech an d'Schoule ginn. Mir hunn eis schonn e puermol fest engagéiert, an dat wäerte mer maachen, wéi vill zousätzleche Contingent mer musse punktuell ginn, fir datt kleng Schoulen och mat der Organisatioun vun Alpha wäerten eens ginn. Dat wäert e grousse Batz och nach eng Kéier ginn. Och dat maache mer. Mir hunn eng ganz Rei vun aneren Erausfuerderungen an eisem Schoulsystem, wou mer eis alleguerten eens sinn, datt mer méi musse maachen. Mir hunn 270 Posten am Laf vum Joer 2026 geschafen, en vue vun dëser Rentrée, fir an der Inclusioun eis aneschters opzestellen.”
D'Deputéiert hunn iwwerdeems all betount, datt se begréissen, datt Lëtzebuerg bei der nächster Pisa-Etüd 2029 wäert matmaachen.