Unicef melltBal 19.000 Schüler waren 2025 vu klimabedéngte Stéierunge vum Schoulbetrib betraff

RTL Lëtzebuerg
Weltwäit hunn 2025 op d'mannst 171 Millioune Schüler wéinst klimateschen Evenementer Ënnerbriechunge vun hirer Schoulzäit erlieft.
18.929 Schüler zu Lëtzebuerg 2025 vu Klimarisike betraff
18.929 Schüler zu Lëtzebuerg 2025 vu Klimarisike betraff
© QUENTIN TOP/Hans Lucas via AFP

Zu Lëtzebuerg waren et 18.929 Schüler, esou eng nei Analys vun Unicef.

PDF Schreiwes Unicef

Den Haaptrisiko zu Lëtzebuerg waren Hëtztwellen. D'Unicef Lëtzebuerg fuerdert dofir méi Virbereedung op Naturkatastrophen, méi klimaresistent Schoulinfrastrukturen an eng besser klimatesch Bildung.

D'Iwwerschwemmungen am Nepal Enn August 2026 weisen, wéi séier eng Katastroph den Unterrecht stéiere kann.

Ronn 14.000 Kanner sinn do aktuell vun Ënnerbriechunge betraff.

Back to Top
CIM LOGO