Geheime Casier"Et hätt net dierften dorop zeréckgegraff ginn"

RTL Lëtzebuerg
Fir de Me Fränk Rollinger hätten d'Donnéeë géint säi Client net dierfte benotzt ginn.
© Domingos Oliveira (RTL)

Geiheime Casier / Reportage Eric Ewald

„Et war en Dysfonctionnement, well op eppes zréckgegraff gouf, wourop net hätt däerfen zréckgegraff ginn!“: Dat sot, am Zesummenhank mam sougenannte „geheime Casier“, e Mëttwoch de Moien den Affekot vun deem Mann, deen d'Diskussioun heiriwwer an d'Rulle bruecht hat.

Fir de Me Fränk Rollinger hätten d'Donnéeë géint säi Client net dierfte benotzt ginn, woufir se benotzt goufen. D'Rekrutementsprozedur wär domat verfälscht ginn an deemno en Abus geschitt: "De Problem ass also, dass hei Donnéeë sinn, déi däerfen do sinn. D’Gesetz erlaabt dat, mä d’Gesetz encadréiert dat ganz strikt. An déi däerfen net dofir benotzt ginn, wou se hei benotzt gi sinn. Dat heescht, datt ass een Dysfonctionnement. Déi ganz "Prozedur de Rekrutement" ass domadder fir mech verfälscht, well an der "Prozedur de Rekrutement" d’Dokumenter benotzt gi sinn, déi do näischt verluer hunn, déi net däerfen do sinn.

Me Rollinger iwwer "casier secret"

An dat ass net fir näischt, datt de Legislateur dat esou geschriwwen huet. Well déi Saachen hunn do näischt verluer. Et ass zwar de selwechte Riichter als Persoun, deen do sëtzt an hei eng Kéier mat den Dokumenter hantéiert als Riichter an enger Audienz an dann geet hien dohinner als Personalchef, den decidéiert déi do wëlle mer rekrutéieren an hien hëlt déi selwecht Pabeieren mat. Mä déi Pabeieren déi hien als Riichter an der Sëtzung hellt déi mussen do bleiwen. Wann hien dat awer mécht, dann hunn mir een Abus."

© Domingos Oliveira (RTL)

D'Magistratur sollt kloer Positioun heizou bezéien: Et wär keen onfeelbar, och net Leit, déi héich an der Hierarchie sinn an hie géif d'Riichter als Fonctionnairë kritiséieren, déi an dësem Fall an hirer administrativer Funktioun e Feeler gemaach hätten, sou den Affekot. De Me Fränk Rollinger freet nach e Mëttwoch beim Parquet général d'Motivatioun vun der Refus-Décisioun vu sengem Mandant no a reklaméiert dono bei der Dateschutzkommissioun. De Gang op d'Verwaltungsgeriicht wär e weidere méigleche Schrëtt.

Back to Top
CIM LOGO