Ugeklot vun der "Ligue des droits de l'homme", well hie viru 6 Joer an engem oppene Bréif rumänesch Heescherten ënner anerem als "racaille" bezeechent huet.
Mat haarder Stëmm huet den Affekot de Sall da wësse gelooss, dass hien zanter senger Kandheet vun de Roma faszinéiert gewiescht wier a souguer eng generell Empathie fir dës hätt. Ma déi aggressiv Heescherei an déi Form vun organiséierter Kriminalitéit wieren eng Zoumuddung. Viru senger Etude hätten, den Dag wou hien de Bréif verfaasst huet, Heescherte gelungent, an et hätt ausgesi wéi an engem "Saustall". Dat hat hien extrem rose gemaach. A mécht et och haut nach. Säin oppene Bréif, deen un d'Stater Buergermeeschtesch geriicht war, wier en Appell gewiescht un d'Politik, endlech eppes z'ënnerhuelen.
Dem Maître Gaston Vogel seng Defense huet dann dorop plädéiert, dass hire Mandant mat senge Wierder just en Zoustand beschriwwen hätt. An doriwwer eraus gouf säin onermiddlechen Asaz fir Minoritéiten a vulnerabel Leit ervirgestrach. De Bréif wier zu engem Moment geschriwwe ginn, wou de Sujet organiséiert Heescherei schonns zanter Méint an de Medie war, an esou och vun ëffentlechem Interêt. Domat wier d'Thematik net vun him lancéiert ginn.
Nieft dem Maître Gaston Vogel war och d'Mammenhaus vu RTL Clt-Ufa an e Journalist vum Journal ugeklot, well si de Bréif deemools verëffentlecht haten. D'Defense huet hei op d'Meenungsfräiheet vun der Press gepocht. Et wier och kloer z'erkenne gewiescht, datt et sech ëm e Lieserbréif géing handelen. Och hei hunn d'Affekote festgehalen, datt fir si keen Opruff zum Haass oder eng rassistesch Motivatioun z'erkenne war. D'Medien hätte schliisslech eng Informatiounsflicht.
Um Schluss hat dann de Procureur d'Wuert. Dësen huet opgezeechent, dass de Bréif net vun jidderengem sou ganz kloer interpretéiert ginn ass, datt et sech soll ëm déi organiséiert Heescherei handelen, déi viséiert war. Sou wéi de Bréif geschriwwen ass, kéint en zu Haass-Gefiller géigeniwwer Heescherte féieren. Fir de Maître Gaston Vogel freet hien dofir eng Geldstrof, ouni awer e Montant festzeleeën. Vis-à-vis vun der Press, also Clt-Ufa an dem Journalist vum Journal, dogéint freet hie eng Suspensioun vum Urteel. D'Urteel gëtt den 12. November geschwat.