Nächst Reunioun 6. Oktober"Et gëtt kee Site zougemaach", sou den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg am Nomëtteg vu 16.30 Auer u waren éischt Gespréicher tëscht Patronat, Gewerkschaften a Regierung.
ArcelorMittal
Um Méindeg am Nomëtteg vu 16.30 Auer u waren éischt Gespréicher tëscht Patronat, Gewerkschaften a Regierung.

Datt d'Covid-Kris massiv Auswierkungen op d'Wirtschaft an domadder den Aarbechtsmaart wäert hunn, war gewosst: ArcelorMittal wëll hei am Land ronn 580 Aarbechtsplazen ofbauen.

Et wéilt ee keng "sec" Entloossunge maachen, sou de Roland Bastian, Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg am RTL-Interview. Et kéint een dat den Ament awer och net ausschléissen. Et misst een elo kucken, wat d'Gespréicher um Enn fir ee Resultat hunn.

Confirméiert huet hien awer och, datt keen aktuelle Site géif zougemaach ginn. Och d'Accorde vum leschte Joer, wat zukünfteg Investissementer ubelaangt, géingen agehale ginn.

Déi 3 Partner hu festgehalen, datt et effektiv eng Kris bei ArcelorMittal gëtt an domadder ass de Wee fräi fir eng Stoltripartite, déi de Regierungsrot muss aberuffen.

Dat dierft  awer just eng Formalitéit sinn. Et gouf och schonn den Datum vum 6. Oktober zeréckbehale fir eng offiziell Entrevue zu 3.
Am Virfeld vun der Reunioun e Méindeg haten d'Partner ganz ënnerschiddlech Vuen, sot den Aarbechtsminister a Vizepremier Dan Kersch, nodeems hien an aner Regierungsvertrieder bal annerhallef Stonn mat de Gewerkschaften an ArcelorMittal um Rousegäertchen zesumme waren.

No deene Gespréicher goufen et dunn och eng Partie Punkten, iwwert déi ee sech eens ginn ass. Den Dan Kersch betount, datt een an enger Krise-Situatioun ass. Déi 3 Parteie wieren der Meenung, datt eng Stoltripartite néideg wier. Weider wier ee sech eens, datt déi Persounen, déi vun engem méiglechen Ofbau betraff sinn, datt déi ofgeséchert sinn. Och misst assuréiert ginn, datt d'Lëtzebuerger Stolindustrie weider bestoe kéint, esou den Dan Kersch. Deemno missten Investissementer gemaach ginn.

Den Dan Kersch

De Wirtschaftsminister Franz Fayot confirméiert, datt et fir hien an de Rescht vun der Regierung kruzial ass, sécherzestellen, datt d'Lëtzebuerger Siderurgie eng Zukunft huet.

De Franz Fayot

D'Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn e Méindeg no der Reunioun ënnerstrach, datt si net déi integral Positioun vun ArcelorMittal deelen an och nach eng Rei Froen hunn. Zum Beispill iwwert de Chiffer, deen de Stolris d'lescht Woch genannt huet.

De Robert Fornieri vum LCGB betount, datt een net iwwerzeegt ass vun deenen Zuelen, déi genannt goufen. Dofir missten nach eng Rei Froe beäntwert ginn.

De Robert Fornieri

Fir de Stefano Araujo vum OGBL ass et kloer, datt d'Gewerkschaften elo eng grouss Missioun hunn. Et misst een dofir Suergen, datt déi Leit, deenen hire Posten a Gefor ass, net dru leiden. Deemno misst ee Léisunge fannen. Sollt et awer zu engem Ofbau vu Plaze kommen, missten dës Persounen accompagnéiert ginn. Weider misst een och nach un d'Zukunft an un Investissementer denken.

De Stefano Araujo

Ëm d'Zukunft vun Arcelor Mittal zu Lëtzebuerg goung et och en Dënschdeg um 10 op 8. Den Direkter Roland Bastian war eisen Invité vun der Redaktioun.

Reunioun ArcelorMittal
Um Méindeg am Nomëtteg vu 16.30 Auer u waren éischt Gespréicher tëscht Patronat, Gewerkschaften a Regierung.

ArcelorMittal: Ofbau vu 570 Aarbechtsplazen, e "Schock" fir d'Gewerkschaften

Hei déi offiziell Positioun vun ArcelorMittal

« La direction d'ArcelorMittal Luxembourg a participé ce jour avec les représentants des syndicats représentatifs à une réunion convoquée par le Vice-Premier Ministre et Ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire, et par le Ministre de l'Economie. L'ordre du jour concernait le projet d'économies annoncé la semaine dernière par la direction d'ArcelorMittal Luxembourg. Cette première étape du dialogue social a permis à chacun d'exposer sa position et ses attentes.

La direction d'ArcelorMittal a confirmé son projet et son souhait d'étudier l'ensemble des outils d'accompagnement sociaux mis à disposition par la loi luxembourgeoise afin de trouver la meilleure solution possible pour les salariés impactés par ce projet.

Un groupe de travail réunissant des représentants de chaque partie sera très prochainement mis en place pour établir un diagnostic partagé de la situation. Un calendrier pourra alors être précisé pour engager les discussions en interne avec les représentants du personnel, dans le cadre d'un dialogue social constructif, en vue d'apporter aux salariés concernés des réponses claires sur les dispositifs d'accompagnement qui auront été définis.

La direction d'ArcelorMittal Luxembourg est convaincue que ce projet permettra à la sidérurgie luxembourgeoise de répondre aux nombreux défis actuels auxquels elle doit faire face et poursuivre ainsi le développement de ses activités. »

Back to Top
CIM LOGO