Drénglechkeetssëtzung ËmweltkommissiounEt bleift bei Interpretatiounsdivergenzen, nächst Sëtzung en Donneschdeg

Pierre Jans
Eng Stonn sollt se u sech just daueren, d'Drénglechkeetssëtzung vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber.
Drénglechkeetssëtzung Ëmweltkommissioun
Eng Stonn sollt se u sech just daueren, d'Drénglechkeetssëtzung vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber.

D'CSV hat dës jo gefrot, dat am Zesummenhang mat der Affär Gaardenhaischen. Um Enn gouf en Dënschdeg awer ronn 1 Stonn a 45 Minutten doraus.

Drénglechkeetssëtzung/Reportage Eric Ewald

An domat ass et nach net gedoen, well fir en Donneschdeg de Mëtten ass schonn eng nächst Sëtzung zu deem Thema programméiert, well den Dënschdeg de Mëtten net all d'Froe konnte beäntwert ginn.

Et blouf villméi bei den Interpretatiounsdivergenzen tëscht der Ministesch a virun allem der CSV an der ADR.

Iwwerdeems an den Ae vum Carole Dieschbourg en Artikel vum Naturschutzgesetz ze applizéiere war bei der Autorisatioun fir d'Aarbechten um Gaardenhaischen, hätt fir d'Oppositiounsparteien éischter en Artikel vum Règlement grand-ducal iwwert d'Naturreserv Prënzebierg misse spillen an domat keng Geneemegung däerfen ausgestallt ginn.

"Wann e Problem besteet, da muss d'Ministesch hir Konsequenzen zéien. Mir sinn allzäit enttäuscht iwwert d'Manéier, wéi si den Dossier ugeet!", dat sot de Fernand Kartheiser en Dënschdeg am Nomëtten. Fir den ADR-Deputéierten hätt d'CSV, déi dës Drénglechkeetssëtzung ugefrot hat, e fundéierte legalen Dossier presentéiert, mat ganz ville Froen. Seng Partei hätt déi Chrëschtlech-Sozial ënnerstëtzt, well ee sech d'Fro stellt no der "Hygiène" vun der politescher Landschaft.

De Fernand Kartheiser um RTL-Mikro

Et wéilt een, dass d'Leit Vertrauen an d'Politik hätten an dass net den Androck besteet, dass an engem bestëmmte Fall eng "Sondererlaabnis" accordéiert gi wär, déi aner Leit net géinge kréien. Dëse Verdacht hätt en Dënschdeg net kënnen ausgeraumt ginn, esou nach de Fernand Kartheiser.

Et géif nämlech kee Beweis dofir ginn, dass an aneren Affären och sou tranchéiert gouf, sot de Fernand Kartheiser, soudass de Verdacht vun enger ënnerschiddlecher Behandlung viru bestéing. Dobäi stéing d'Kredibilitéit vun de Politiker um Spill. Als ADR wéilt een awer net, dass et en Zweiwel doru gëtt.

D'Martine Hansen huet sech en Dënschdeg an hirer Analys confirméiert gesinn, dass d'Carole Dieschbourg dem Roberto Traversini eng Autorisatioun ginn hätt, déi se net hätt däerfe ginn.

Fir d'CSV-Fraktiounscheffin wär och just eng Autorisatioun fir eng Holzverkleedung gefrot ginn, et wär awer eng ausgestallt ginn dofir, fir den Daach a fir Fënsteren. Et wär also méi geneemegt gi wéi dat, wat gefrot gouf.

D'Ministesch huet erkläert, ëmmer mat oppene Kaarte gespillt ze hunn. En Dënschdeg wär vill iwwert dës Interpretatiounsdivergenzen diskutéiert ginn, woubäi een nach emol probéiert hätt, den eegene Standpunkt ze dokumentéieren.

Et wär elo um Verwaltungsgeriicht, fir ze tranchéieren, sou d'Carole Dieschbourg. Déi och eng Demande vum Roberto Traversini, fir d'Gaardenhaischen ofzerappen, confirméiert huet, woubäi nach onkloer wär, wat fir eng Suite een där Demande géif ginn.

De Georges Engel vun der LSAP hat no der Sëtzung net d'Gefill, dass eng kriminell Energie virgeleeën hätt, fir engem eng Faveur ze maachen. De Georges Engel betount, dass hien zu där Conclusioun kënnt, well d'Ministesch mat Argumenter konnt beweisen, dass si dës Texter gekuckt an uerdentlech traitéiert huet.

Déiselwecht Vue hat den David Wagner. Den Deputéierte vun déi Lénk huet och drop higewisen, dass d'CSV zu Déifferdeng mat am Schäfferot sëtzt. D'CSV sollt dofir koherent sinn.

De Marc Goergen vun der Piratepartei huet dann ënnerstrach, dass ee sech wéinst dem villen Hin an Hier elo nach emol zwee Deeg Zäit ginn hätt, fir d'Texter duerchzegoen.

Back to Top
CIM LOGO