
Zu den Oploe vun hirem Sursis probatoire gehéiert ë.a. eng psychiatresch oder psychologesch Behandlung.
D'Fra hat am Februar 2015 hire Mann zu Mäertert 3 Mol mat engem Messer gepickt. Zwou vun de Blessure waren déidlech. Méi dacks war et an der Koppel zu Gewalt komm. Viru knapp 5 Joer war dunn déi zolidd kierperlech Ausenanersetzung, un där hirem Enn de Mann am Spidol gestuerwen ass.
Am Januar hätt d'Fra ausgesot, si hätt hien net wëllen ëmbréngen, mä sech just gewiert, well si an enger Noutsituatioun gewiescht wär, huet d'Ugekloten e Méindeg gemengt. Op deem fatalen Owend wär si mam spéideren Affer an enger anerer Fra heemgaangen, well si Angscht virun him gehat hätt. Bis heem wär dann och alles roueg verlaf. An der Kichen hätt hie si du vernannt, si wär schlofe gaangen, awer vun him waakreg gemaach ginn. Doropshin hätt hie si mat den Hoer gezunn, et wär queesch duerch d'Haus zu Schléi komm, ier hie gesot hätt, elo wär si drun. Hien hätt si du gewiergt an net opgehalen. Si hätt du wuel zu engem Messer gegraff an hie gepickt.
Dass d'Fra deemools Angscht hat, wollt d'Vertriederin vum Parquet général awer net gëlle loossen: Si an de Mann hätten nämlech am Laf vum Owend unenee gehaangen. Et wär net kontestéiert, dass d'Affer d'Beschëllegt geschloen hätt. Um Enn wär de Mann awer mat 3 Messerstéch dout gemaach ginn. Der Fra hir Versioun géif net stëmmen, an de Mann hätt d'Attack mam Messer net komme gesinn, well hie wär am Gank erstach ginn, an zwar net an Noutwier. D'Fra wär rose gewiescht a jalous, hätt de Mann wëllen ëmbréngen, aus puerem Haass a puerer Revanche. Deemno hätten déi 1. Riichter zu Recht den Doudschlag zréckbehalen.
Op der Cour d'appel an der Stad blouf et also och um Mëttwoch am Nomëtte fir d'Fra bei der Strof aus 1. Instanz, d.h. bei 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis probatoire.