"Cat sitting" eskaléiertEt bleift an zweeter Instanz bei enger Geldstrof vun 250€

RTL Lëtzebuerg
An enger Affär vu Coups et blessures volontaires gouf en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht an 2. Instanz en Urteel vum Policegeriicht confirméiert.
© AFP Archivbild

Et bleift deemno fir de Mann bei enger Geldstrof vun 250 Euro, där maximaler Strof um Policegeriicht.

D'Affär hat ganz banal domat ugefaangen, dass eng Koppel am Juni 2017 e Weekend iwwer fortgefuer war an hat Bekannten de Schlëssel ginn, fir dass déi samschdes a méindes d'Kaz fiddere kéimen. Méindegowes spéit hat d'Bekannte sech drun erënnert, dass se nom Déier kucke misst an hire Frënd matgeholl. Déi ­aner Koppel war dunn awer schonn doheem an am Bett. Si gouf wakereg, wéi se héieren huet, dass een un der Dier vum Appartement wär.

D'Bekannten hat geruff, si an hire Frënd wären et, de Condamnéierte war awer gelaf komm an hat dem Frënd vun der Bekannten virun der Dier mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen a mam Knéi an d'Broscht gerannt. D'Affer vun der Attack ass doropshin an d'Spidol gefuer. De Mann hat e puer Schanken am Gesiicht gebrach an eng méi uerg Blessur, soudass hien e puer Mol hat missen operéiert ginn.

D'Affer hat a béiden Instanze ronn 61.000 Euro Schuedenersatz gefrot. Eng Expertise, fir säi geneeë Schued festzeleeën, soll bis Juni 2020 virgeluecht ginn. Souwuel de Me Philippe Penning, Affekot vum Verurteelten, wéi och de Vertrieder vum Parquet haten am zweete Prozess de Fräisproch vum Condamnéierte gefrot, op dee Wee ass de Riichter awer eben net matgaangen.

Back to Top
CIM LOGO