Dr. Jean-Claude Schmit am RTL-Interview"Et ass eng Variant vum Virus, déi wierklech net extra ass"

Tim Morizet
Dat sot den Direkter vun der Santé iwwert déi nei lëtzebuergesch Variant vum Coronavirus, déi zanter en Donneschdeg an den däitsche Medien zirkuléiert.

Ma esou lëtzebuergesch ass d'Versioun B.1.160 guer net. En direkte Lien mam Grand-Duché géif net existéieren. D'Variant, déi op enger Plaz zu Halle an Däitschland fonnt gouf, wier schonn zanter enger Rei Woche bekannt a géif a villen anere Länner existéieren, esou den Dr. Jean Claude Schmit.

Dr. Jean-Claude Schmit am Interview/Reportage Tim Morizet

"Mir wëssen, datt d'Variant an der Schwäiz fonnt gouf, an Éisträich, an den USA, an Norwegen natierlech och. Se ass u sech awer näischt Extraes. Se huet fir e bësse Panik gesuergt, mee déi ass net berechtegt."

Déi bis ewell gesammelt Donnéeë géife weisen, datt déi falsch lëtzebuergesch Versioun net méi geféierlech ewéi iergendeng aner Variant wier. Kloer kéinten esou Varianten op der ganzer Welt entstoen, och zu Lëtzebuerg.

"De Virus verbreet sech an engem Stéck bei de Leit a ka Mutatioune provozéieren. Dat ass ganz normal. All RNA-Virus huet eng Tendenz, dat ze maachen. Déi meescht Varianten, an et ginn der ganz vill, hu keng Differenzen. Heiansdo kënnt et dann awer vir, datt eng Variant entsteet, déi sech besser iwwerdréit oder e méi komplizéierte Krankheetsverlaf provozéiert."

Déi Variant, fir déi ee sech am meeschte géif intresséieren, wier fir den Ament déi brittesch Versioun.

"Well där hu mer wierklech zu Lëtzebuerg. Där fanne mer reegelméisseg. Dat ass och net erstaunlech, eis Nopeschlänner hunn déi alleguerten. Mir hunn och déi südafrikanesch Variant a ganz klengen Zuelen. Mir haten och eng Kéier eng brasilianesch Variant, mee déi fanne mer den Ament net méi erëm."

47 Fäll vun der brittescher Variant a véier Fäll vun der südafrikanescher Variant huet de Staatslabo bis ewell nogewisen. Zuelen, déi op cibléierter Recherche baséieren an net representativ fir d'Land sinn, preziséiert den Direkter vun der Santé.

Back to Top
CIM LOGO