Bei der Inspection SanitaireEsou fonctionéiert de Contact Tracing

RTL Lëtzebuerg
Zu Hamm, bei der Inspection Sanitaire an der "Cellule Contact Tracing", sinn eng 60 Leit am Asaz. Hei ginn d'Kontakter vun den Infizéierte verfollegt.
Esou fonctionéiert de Contact Tracing
Zu Hamm, bei der Inspection Sanitaire an der "Cellule Contact Tracing" sinn eng 60 Leit am Asaz. Hei ginn d'Kontakter vun den Infizéierten verfollegt.

Jiddereen, dee positiv op de Covid-19 getest gouf, dee krit nach den Dag selwer ugeruff. Souguer spéit Owes a Sonndes kréien d'Leit Bescheed an d'Froe ginn e puer Mol widderholl, fir sécherzegoen, datt d'Leit richteg verstanen hunn, wat wichteg ass, fir erauszefannen, wie si kéinten infizéiert hunn.

"Contact Tracing" heescht erausfannen, mat wiem eng infizéiert Persoun alles a Kontakt war a kéint potentiell ugestach hunn. Et si fräiwëlleg Informatiounen, wou déi infizéiert Persoun och dierf anonym bleiwen.

Bei Schoul oder Aarbecht ass et relativ einfach, Kontakter ze retracéieren, et sinn ëmmer déi selwecht Leit, Nimm an Adresse si bekannt. Vill méi komplizéiert gëtt et bei Bistroen oder Partyen. D'Leit wëssen dacks net, wien alles op enger Soirée war, mat wiem si genee geschwat hunn, wien nieft hinne souz. Och Firme fäerten dacks, datt een eng ganz Firma zou maache wéilt. D'Santé wéilt awer just déi Concernéiert a Quarantän setzen, fir datt et net esou wäit kënnt.

Et gi momentan all Dag ronn 300 Kontakt-Gespréicher gefouert. Also mat Leit, déi net onbedéngt Symptomer hunn an deenen ee muss erklären, dass se sech sollen isoléieren, bis dass se getest sinn. De wichtege Facteur ass Zäit: et gëtt een eréischt selwer ustiechend 3 bis 5 Deeg, nodeems een de Virus krut. Wann een also do virdrun agräift, da gëtt d'Transmissiounskette gebrach.

40% bis 50% vun den Infizéierte si retracéiert Leit, déi als Kontakter identifizéiert goufen. Wann déi da bei sech bliwwe sinn, da konnten déi kee méi ustiechen.

D'Diskussioun op eng Tracing App kéint hëllefen, déi ass komplizéiert. Déi, déi an Asien, zum Beispill a Korea, gehollef hunn, sinn hei kaum sozial akzeptabel oder juristesch vertrietbar. Mee et geet net nëmmen ëm Dateschutz oder Privatsphäre. Eng App kann net nohaken, erklären oder berouegen. Si ka virun allem net op individuell Situatiounen agoen. Wat awer immens wichteg ass, wann et ëm esou sensibel Theme wéi Quarantän geet.

Back to Top
CIM LOGO