Äntwert op parlamentaresch FroEréischt 20 Demande fir de Klima-Prêt zum Null-Tarif

Roy Grotz
Bis lo hunn och eréischt 2 Stéit dovunner profitéiert, fir sech d'Fraise rembourséieren ze loossen, déi duerch en Energie-Conseiller entstinn.

D'Iddie vun der Klimabank, déi et zanter lo 4 Joer gëtt, a wouriwwer sollen energetesch Renovatiounen finanzéiert ginn, schéngt alles wéi nach net därmoosse bekannt ze sinn.

Dat mussen déi zoustänneg gréng Ministere Kox an Dieschbourg op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum Deputéierte vun Déi Lénk, dem David Wagner, zouginn, mä d'Ministeren relativéieren och, well et nämlech dauert, bis e Chantier um Lafen ass. Fir e Gebai energetesch ze sanéieren, ass d'Zäit vun 3 Joer nom Akraaftrieden de Ministeren ze kuerz, fir definitiv Conclusiounen iwwert d'Effikassitéit vun deem Klima-Pak vun 2016 ze zéien.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum David Wagner

Back to Top
CIM LOGO