Et géif nom Prinzip vun der Virsiicht gehandelt, do si sech SNE an SEW eens. Suerge maachen d’Enseignantsgewerkschafte sech awer iwwer schoulesch Retarden an de psychologeschen Impakt op d’Kanner.
Well d'Covid-Infektiounszuelen an de Schoule rezent iwwerduerchschnëttlech séier an d'Luucht geschoss sinn, huet den Educatiounsminister jo vun e Méindeg un eng Woch laang Homeschooling decidéiert. Parallel wëll ee profitéieren, fir d’Verbreedungsdynamik vum Virus ze verstoen an ze bremsen. Am Staatslabo ginn d’Virus-Prouwen aus betraffene Schoule sequenzéiert, fir erauszefannen, ob et sech hei ëm déi brittesch Variant handelt. Dës hat sech jo an de brittesche Schoule rasant verbreet.
D’Enseignantsgewerkschaften erkennen den Eescht vun der Situatioun a stinn hannert dem Educatiounsminister senger Decisioun. Den Homeschooling hätt awer seng Limitten, dofir misst alles dru gesat ginn, nees esou séier wéi méiglech op Präsensunterrecht iwwerzegoen. Et bräicht een zousätzlecht Personal an de Schoulen, déi deene Kanner hëllefen, déi duerch d’Pandemie Retarden accumuléiert hunn. Besonnesch Kanner aus sozial benodeelegte Famillje riskéieren, den Uschloss ze verléieren, soen d’Enseignantsgewerkschaften.
Suerge bereet hinnen awer och de psychologeschen Impakt vun der Pandemie op d’Schüler. Dee géif ee spieren, d’Suerge vun den Erwuessene géifen op d’Kanner offierwen. Well kee wéisst, wéi et no der Fuesvakanz virugeet, kéint een de Kanner keng Perspektive bidden. Dat wär och fir déi Kleng eng bedréckend Situatioun, déi ee misst Eescht huelen. An och hinne psychologesch Hëllef ubidden.
