
Géint 23.30 Auer gouf zu Ettelbréck e Chauffeur ugehalen a kontrolléiert. Hien huet sech net un d'Ausgangsspär gehalen a gouf protokolléiert. Dobäi koum, dass hien alkoholiséiert war, sou dass d'Beamten him de Permis ofgeholl hunn.
Kuerz no Mëtternuecht gouf et dann änleche Fall zu Rodange an der Route de Longwy. Hei gouf d'Police op en Auto opmierksam, deen op eng Tankstell gefuer ass. Wéi d'Police bei den Auto koum, ass hinnen opgefall, dass de Chauffeur an d'Bäifuererin d'Plaze getosch hunn. Spéider koum eraus, dass d'Fra kee Permis huet. Dobäi koum, dass et nom Couvre-feu war a béid Persounen alkoholiséiert waren. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.