
Vun de Ministere Bausch a Gramegna ginn et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Biancalana provisoresch Detailer iwwert d'Quantitéit un Drogen déi zejoert confisquéiert goufen.
Et waren 266,5 Kilogramm Haschisch, iwwer 91 Kilo Marihuana, 5.000 Ecstasy-Pëllen, 370 Gramm Kokain a 5,3 Kilogramm Heroin, déi der Douane an d'Netz gaange sinn.