Leit mat BehënnerungEng Reform vum Adapto-Zerwiss an der Kritik

Tim Morizet
Den Adapto-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung, déi net eegestänneg mobil sinn, gëtt mam Recht vum ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz u gratis.
Eng Reform vum Adapto-Zerwiss an der Kritik
Den Adapto-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung, déi net eegestänneg mobil sinn, gëtt mam Recht vum ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz u gratis.

An engems gëtt et e reforméiert. Eng Reform, déi an noem Kontakt mat den zoustännegen Associatiounen ausgeschafft gi wier, esou den Transportminister François Bausch nach d'lescht Woch am RTL-Interview. Dat wier awer net de Fall.

De Kontakt war do. Ma d'Propose, fir den neie System méi effektiv fir Leit mat enger Behënnerung ze maachen, wier gréisstendeels ignoréiert ginn. Esou och beim Formulaire fir eng Adapto-Kaart unzefroen. Hei sot den Transportminister François Bausch d'lescht Woch nach:

Do gëtt et och e Conseil Superieur. Deen huet zum Beispill och de Formulaire kritt an huet eis Remarke gemaach, déi mer iwwerholl hunn.“

Ma de Formulaire wier tel quel, am original Format, ouns déi proposéiert Adaptatiounen erausgeschéckt ginn, esou de Patrick Hurst – President vum Centre pour l'Egalité de Traitement.

Am Conseil Superieur krute mir de Formulaire grad emol 2 Deeg virun der Deadline - pour Avis. Deen Avis huet awer net wierklech gezielt. Déi Avisen, déi erakoumen, sinn net wierklech consideréiert ginn.“

An dat hätt Konsequenzen, esou de Patrick Hurst. De Secteur wier onnéideg onroueg.

Et wier iwwerdeems net richteg, datt eng Patientevertriedung oder och d'UCL hir Dossieren net géife kënnen. Et wier een erstaunt iwwert d'Uschëllegung vum Ministère. Et séiz een hei ëmmerhin un der Quell, esou d'Ana Pinto, Initiatrice vun der Petitioun fir e gratis Adapto.

Ana Pinto, Initiatrice vun der Petitioun fir e gratis Adapto
Den Adapto-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung, déi net eegestänneg mobil sinn, gëtt mam Recht vum ëffentlechen Transport vum 1. Mäerz u gratis.

Mir hu wierklech extrem vill un dësen Dossiere geschafft. Mir hunn extreemst vill mat Leit geschwat. Et si vill Leit bei eis komm. An ech mengen, wann een e Problem huet, als Persoun oder Patient mat enger Behënnerung, wou geet een dann hin? Et rifft ee kee Ministère un, well et leider dacks esou ass, datt ee net déi richteg Persoun op den Telefon kritt. Deen Ament ruffe vill Leit Patientevertriedung un.“

De Collectif 1329, mat Vertrieder vun ënner anerem der Patientevertriedung, dem Konsumenteschutz, an dem OGBL hätte méi dacks hier Hëllef proposéiert, fir datt déi nei Adapto-Reform net onnéideg géif iwwert de Knéi gebrach ginn. Ma op déi Propose wier kee zeréckkomm. An deenen aneren Associatiounen hätt een iwwerdeems anscheinend jo och net richteg nogelauschtert, esou nach d'Kritik vum Collectif.

Hei dat offiziell Schreiwes um Dënschdeg:

Informatiounen zu der aktueller Situatioun vum Transport „Adapto" (18.02.2020)

Communiqué par: Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten deelt e puer Detailer betreffend der aktueller Situatioun vum Transport „Adapto" mat:

• Momentan hu mir 1.500 Clienten an der Base de Données an och am neie System.
• Mir wäerten an den nächsten Deeg nach 360 Clienten dobäi kréien.
• Da kënnt d'Evaluatioun vun dëser Woch nach dobäi, wat nach eng Kéier +200 Clienten wäert ausmaachen.
• Dat heescht bis en Freideg den Owend hu mir + 2.000 Clienten am neie System, wat 40% vun eiser aktueller Base de Données duerstellt - an dat ënnerhalb vu genee 19 Schaffdeeg.
• All déi regulär Aarbechtsfaarten vun den 98 Salariés handicapés sinn och schonn am System iwwerholl ginn.
• Gëschter ass de Reservatiounssystem am Callcenter ganz erfollegräich ugelaf a mir krute ganz positive Feedback.
• Stand haut: bis Enn Mee sinn 3.400 Faarten am System geplangt.

Des Weidere sinn d'Parameteren esou agestallt ginn, datt den Detour, wann nach eng weider Persoun ofgeholl gëtt, net méi grouss wéi 10 Minutte ka sinn.

Déi concernéiert Persounen, déi dat néidegt Attest vum Dokter net matzäit kréien, profitéiere vun enger Iwwergangsphas a kréien eng provisoresch Kaart, déi bis den 30. Abrëll 2020 gülteg ass. Dës provisoresch Kaart muss beim Service Adapto ugefrot ginn ënner den Telefonsnummeren:

• 247-84408
• 247-84475
• 247-84976

De Ministère ass ganz zouversiichtlech, dass d'Clienten sech ganz schnell un de neien System gewinne wäerten.

Back to Top
CIM LOGO