Petitioun DéierentransporterEng Petitioun, en Déier, e Bauer, e Politiker, en Export ... an elo?

Monique Kater
Lëtzebuerg soll keng Exportpabeiere vu liewegen Déieren an Drëttstaate méi ënnerschreiwen, sou d'Petitioun.
Déierentransport Grenz Bulgarien/Tierkei
Déierentransport Grenz Bulgarien/Tierkei
© Tilly Metz, Presidentin Enquêtekommissioun Déierenstransporter am EP

"D'Gréisst vun enger Natioun weist sech an der Aart a Weis wéi een do mat den Déieren ëmgeet": Mat dësem Zitat huet de Chamberpresident a fréiere Landwirtschaftsminister den ëffentlechen Debat iwwer d'Petitioun 1843 ageleet.

Bal 5.000 Leit haten hiren Numm ënner d'Demande vun de Jongbauere gesat, déi en direkten Export- a Schluechtverbuet vun Notzdéieren an déi Länner fuerderen, déi an hire Schluechthaiser keng gesetzlech EU-Norme respektéieren. Dat heescht ganz einfach, dass Lëtzebuerg keng Exportpabeiere vu liewegen Déieren an Drëttstaate méi soll ënnerschreiwen.

Petitioun Déierentransporter
Lëtzebuerg soll keng Exportpabeiere vu liewegen Déieren an Drëttstaate méi ënnerschreiwen, sou d'Petitioun.

Kee Lëtzebuerger Krop méi op engem Pabeier, deen et guttheescht, dass Schluechtvéi oder - an dat kléngt besser -  Mëllechkéi fir en Zuuchtprogramm an Nordafrika - dierfe lieweg aus Europa eraus transportéiert an dann op net-europäesch Manéier do geschluecht ginn. Dat huet d'Petitioun vun de Jongbauere gefrot an dat wëlle ronn 5.000 Konsumenten. Dass mat eisem Wëssen a Gewësse kee Lëtzebuerger Källefche méi e puer dausend Kilometer muss reesen, iert e dout gemaach gëtt, bleift fir de Signataire awer elo mol eng Utopie.

D'Nancy Arendt, Presidentin vun der Petitiounskommissioun
Lëtzebuerg soll keng Exportpabeiere vu liewegen Déieren an Drëttstaate méi ënnerschreiwen, sou d'Petitioun.

D'Diskussioun wier gutt gelaf, sou den Agrarminister Romain Schneider, well d'Jongbaueren, fir unzefänken, fir d'Image de Marque vum Bauer agetruede wieren. Si hätten es sat, ëmmer als déi duergestallt ze ginn, déi mat grousse Sprëtzmaschinnen iwwer d'Felder fueren.

Beim Gesprëtz, dem Glyphosat-Verbuet, ass Lëtzebuerg Virreider ... un den Export- a Schluechtverbuet extra muros, gi mir haut a muer net drun! Awer un e Pass, wat dee genee soll bréngen, hu mir net verstane, mee si awer!

De Luc Emering, President vun de Jongbaueren, ass zefridde mam Resultat vun dësem Debat. Et wier zwar nach e wäit Stéck bis bei d'Zil, mee et géif elo eng ganz Rei Ouverturen: Virun allem deen éischte Schratt, fir op deen nationale Pass ze goen, wier fir si eng Bestätegung, dass een um richtege Wee wier.

Wa si e Béischt verkaf hätten, wéisste si dono net méi, wouhinner et dono géing goen, seet de Kiki Hahn, dee virun allem als Mëllechbauer schafft. Den Händler vum Vertraue géif et nach, seet de Vertrieder vu Jongbaueren a Landjugend. Wann deen nationale Pass fir d'Véi géing kommen, misste si, d'Baueren, dofir suergen, dass et keng "Zwou-Klassen-Export-Véi-Gesellschaft" géif ginn! Net dass e Bauer egal wat op deem Pass dierft ukräizen. Export extra-EU oder net.

D'Jongbauere wëlle sech bis am September ëm d'Suite vun der Petitioun këmmeren. Hir Hausaufgabe misste se u sech awer bis bei déi nächst Wale maachen. D''Deputéiert hu sech wärend dem Hearing intresséiert gewisen, ausser déi Gréng, déi eis e Krack ze schwaach op der Broscht waren.

Deenen, déi d'Petitioun ënnerschriwwen hunn, feelt vläicht nach eppes no der Debatt. Virun allem deemno wéi eng Biller ee gesäit, een ongedëlleg gëtt, wat e Veto vun den Déierentransporter ugeet.

De Minister Romain Schneider huet se gezielt a schéngt sech vis à vis vun de Petitionären, kee Géigepol ze fillen. Wat d'Schluechte vu Lëtzebuerger Déieren an Drëtt-Staaten ugeet, wieren Chifferen niddreg:

2019 goufe ronn 200 Déieren baussent d'EU transportéiert an do dout gemaach, 2020 just nach eng 20, an dëst Joer hätte mer bis elo kee Feu Vert ginn, fir e Schluecht-Export.

Mir si vun dësem ëffentlechen Debat, eventuell frustréiert. Mee besser mir si net esou streng: Mir, Lëtzebuerg, hunn ëmmerhin, mat Däitschland an Holland, d'EU-Kommissioun opgefuerdert, déi Saach hei ze reegelen; mir hu gefrot, dass nei europäesch Gesetzer den Transport vu liewegen Déieren an 3.-Länner verbidden! An, net ze vergiessen, dann huet de Bauer seng Responsabilitéit - an jiddwer eenzelen, deem säi Numm ënnert dëser Petitioun fir de Respekt virum Déier steet.

Back to Top
CIM LOGO