Rettungsaktioun um KierchbiergEng Persoun gëtt bei Chute aus 15 Meter blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall an der Géigend vum Park 3 Eechelen.
© CGDIS / Twitter

Gréisser Rettungsaktioun en Méindeg vum CGDIS um Kierchbierg. Hei gouf et eng Chute vun enger Persoun, déi aus 15 Meter an d'Déift gefall ass, dat op der Héicht vum Park 3 Eechelen un Kierchbierg.

Am Ganze waren 30 Pompjeeën, dorënner d'Spezialiste vum GRIMP a GATO um Asaz bedeelegt, eng Persoun gouf wéi gesot evakuéiert. Dobäi kommen nach 2 Persounen, déi Zeie waren a vum Support psychologique betreit goufen.

Back to Top
CIM LOGO