PoliceEng Partie Abréch an Iwwerfäll um Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, gouf et uechter d'Land eng ganz Partie Abréch um Freideg den Owend. An der Stad goufen 2 Persounen iwwerfall.
© RTL-Archiv

E Freideg gouf am Laf vum Dag an en Appartement op der Place de Durbuy zu Bouneweg agebrach. E Freideg am Nomëtteg gouf et en Abroch an e Familljenhaus an der Rue de l'Eglise zu Rolleng.

Tëscht 19.30 an 22.50 Auer koum et e Freideg zu engem Abroch an en Haus "Am Bongert" zu Kënzeg. Éischten Informatiounen no gouf hei wuel en eelere schwaarze Mercedes mat franséische Placke geklaut.

Géint 20.50 Auer gouf der Police en Abriecher an engem Familljenhaus an der Route d'Esch zu Bieles gemellt. Ewéi d'Bewunner vum Haus den Abriecher am Keller vum Haus ugetraff hunn, ass dëse fortgelaf.

Géint 21.10 Auer gouf e Mann am Stater Park tëscht der Avenue Monterey an der Avenue Marie-Thérèse vun zwee Onbekannter iwwerfall. Si hunn de Mann mat engem Messer menacéiert. Nodeems si him de Portmonni an d'Auer geklaut hunn, si si a Richtung Avenue Marie-Thérèse fortgelaf. Déi zwee presuméiert Täter ware Mëtt 20. Ee vun hinnen hat eng Rasta-Frisur.

Kuerz viru 5h00 um Samschdeg de Moie fréi krut d'Police en Iwwerfall op 2 Männer an der Rue de la Boucherie an der Stad gemellt. Kuerz dorop konnt d'Police zwou verdächteg Persoune festhuelen. Si waren am Besëtz vun enger Auer déi als geklaut gemellt war. Géint béid Persoune gouf eng Plainte gemaach.

Back to Top
CIM LOGO