Trotz Corona-Kris ginn et dëst Joer genee souvill Léierplaze wéi d'lescht Joer.
De 25 Joer jonken Taha Benaida mécht eng Léier als Mechatroniker. Hien ass am 2. vun am ganzen 3 Joer. Den Taha ass vu jonkem u vun Autoe faszinéiert. Iwwer dëse Wee wëll hie spéider seng Sue verdéngen.
Déi Erwuessen hunn déi nämmlecht Chance wéi déi Jonk, fir eng Léier unzefänken. Den Taha ass dofir e gutt Beispill. Et sinn tëscht 600 a 700 Erwuessener, déi all Joer placéiert ginn.
Och de Kevin Borges mécht eng Léier bei engem groussen Auto-Concessionnaire. Hie kënnt elo an dat leschte Joer. De Léierbouf geet 2 Deeg an der Woch an d'Schoul an déi 3 aner Deeg schafft hie beim Patron.
Ëm déi 25 Léierbouwen, respektiv Léiermeedercher ginn d'Joer iwwer an dëser grousser Garage ausgebilt.
Den Educatiounsministère bezilt dëst Joer och eng Prime unique un d'Betriber, déi Léierplaze verginn.