Zënter Méint scho lieft de Maurice zu Weiler. Säi Fouss wëll einfach net heelen. Am Wanter war hie vun engem Auto ugestouss ginn. Dësen ass einfach fortgefuer. De Maurice hat e schwéiere Broch a gouf hospitaliséiert. Hie krut eng Infektioun an de Fouss, huet eng zweet Kéier missen operéiert ginn a brauch elo, Méint méi spéit nach Soinen. Nom Spidol zréck op d'Strooss? Ondenkbar! Mat him zu Weiler zum Tuer wunnen den Ament 8 aner Persoune mat gesondheetleche Problemer, zum Beispill mat chronesch Bronchitten. Persounen, déi ënnert der Bréck geschlof hunn a sech dobaussen 3-4 Mol d'Joer eng Longenentzündung agefaangen hunn. Mënschen, déi elo an der Pandemie nach méi vulnerabel wieren an dobausse riskéieren ze stierwen, seet den Dr Bernard Thill. Si op der Strooss ze loossen, wier non-assistance à personnes en danger. Inacceptabel, fënnt de President vun der ASBL Médecins du Monde.
Wärend dem Lockdown am Fréijoer 2020 haten d'Doktere vun der Welt 6 där Patienten detektéiert an en Ënnerdaach fir si gesicht. Ma duerch déi administrativ Hürde wier et eng Saach vun der Onméiglechkeet gewiescht. Um Enn hat d'ASBL déi betraffe Leit an en Hotel ënnerbruecht an den Openthalt selwer finanzéiert.
Am Dezember dunn hätt d'Gesondheetsministesch awer de Steen un d'Rulle bruecht. Den 23. dunn ass d'Struktur zu Weiler zum Tuer opgaangen.
Nieft de Soine kréie Betraffener hei och psychologesch Ënnerstëtzung. A Gruppegespréicher oder awer och an individuelle Seancen. Hire Wee an d'Precaritéit ass e grousst Thema. Grad esou wéi hir Famillje-Situatioun. Vill vun de Männer hei hätte Famillen an hirem Land. Erkläert d'Marie-Jeanne Schon, benevole Psychologin bei den Doktere vun der Welt. De gesondheetleche Problem hätt hiert Liewen aus der Bunn geheit, virdrun hätte si sech trotz Liewen op der Strooss iergendwéi doduerch geschloen. Vill hätten Zukunftsängschten.
Op Zukunft gëtt dann och higeschafft. D'Haushaltsflichte gi sech gedeelt, et geet drëms, lues awer sécher eng Stabilitéit opzebauen. Eng Educatrice, grad esou wéi eng Assistante sociale vum Roude Kräiz, hëllefen heibäi. Wann et den Awunner gesondheetlech besser geet, solle se am beschten net nees op d'Strooss.
Vun 8 Persounen, déi d'Struktur an der Tëscht verlooss hunn, wieren der 2 am Abri-Sud ënnerkomm, wou si eng Adress hätten - Viraussetzung fir iwwerhaapt nees eng legal Aarbecht ze fannen. Ee Mann wär zréck a säi Land gaangen, hei hätt et sech ëm en organiséierte Retour gehandelt, betount den André Soares, Responsabel vum Service Abricoeur vun der Croix-Rouge.
D'Méiglechkeete fir Betraffener ënnerzebréngen, sinn ebe limitéiert. De Maurice ass sech dat bewosst. Hie mécht sech Suergen ëm seng Zukunft. An déi vu senger Famill. Seng Fra a säi Puppelche sinn a Frankräich. Hien ass behënnert a fäert keng Aarbecht méi ze fannen.
Wéi et ëm Zukunft vun der Struktur zu Weiler steet, ass och ongewëss. D'Konventioun vu Médecins du Monde an der Croix-Rouge mat der Santé gouf lo mol bis Enn 2021 verlängert.