
Ukrain-Krich oder och nach d'Blockade vun der Hormus-Strooss: Ëmmer nees si wéinst de geopoliteschen Tensiounen uechter d'Welt d'Energie-Käschten an de leschte Jore geklommen an hunn déi europäesch oder esouguer weltwäit Wirtschaft destabiliséiert.
Dëst géing weisen, wéi staark Europa an och Lëtzebuerg vun auslänneschen Energie-Sourcen ofhängeg sinn. Vill ze laang hätt sech Europa an der Energie-Provisioun op ee Land, nämlech Russland, konzentréiert.
De Fatih Birol schwätzt vun engem strategesche Feeler:
D’Kricher an der Ukrain an dem Noen Oste weisen, datt wann Europa säi Schicksal a sengen eegenen Hänn wëll hunn, da musse mer eis Ofhängegkeet vun anere Länner méi kleng maachen an heiheem esou vill wéi méiglech selwer produzéieren, hei wier dat Wichtegst d'Elektrizitéit.
Fir de Fatih Birol ass iwwerdeems kloer, datt wann Europa energeetesch méi resilient an onofhängeg wëll ginn, een nieft den erneierbaren Energien och op d'Atom-Kraaft muss setzen:
A mengen Aen war et ee strategesche Feeler, datt Europa der Atomkraaft de Réck gedréint huet. Ech soen dat elo schonn zanter Joren an déi aner Länner fänken un, dat och ze gesinn. Esou guer den däitsche Bundeskanzler Merz huet oppe gesot, datt et strategesch falsch wier, Atomkraaft-Anlagen zou ze maachen. Et ass eng vun de Pisten, nieft den erneierbaren Energien, déi Europa consideréiere soll.
Et misst een am allgemengen d'Energie-Quellen diversifiéieren. Dat heescht och, mat anere Länner, wéi zum Beispill Indien a Südafrika, méi enk zesummen ze schaffen.
D'Emissiounen hätte kee Pass, esou den Direkter vun der IEA. Dat heescht, d'Efforten an Europa hunn nëmme limitéiert Impakter, wann aner grouss Wirtschaften net matzéien.
De Fatih Birol beschreift d'Energie-Politik wéi ee groussen Tanker am Mier a fir deem säi Kurs ze ännere bräicht et Zäit.
E Widdersproch tëscht der Energie-Transitioun an der wirtschaftlecher Kompetitivitéit vun Europa geséich den Direkter vun der IEA op laang Siicht net:
Et gëtt net einfach, mee et gëtt keng alternativ. Déi fossil Energie bleift volatil an ofhängeg vu politeschen Entwécklungen, also klammen d'Präisser. De Präis vum Pëtrol läit bei 100 Dollar, mir wëssen net, wat an der Hormus-Strooss geschitt, d'Präisser kënnen also nach weider klammen.
Déi Lëtzebuerger Energie-Politik huet de Fatih Birol dann och gelueft. Och als klengt Land kéint ee mam gudde Beispill virgoen, zum Beispill duerch d'Hëllefe fir d'Stéit an d'Betrieber fir op Wärmepompelen ëmzeklammen.
Den Direkter vun der Internationaler Energie Agence war am Kader vun der Publikatioun vun der Energy Policy Review zu Lëtzebuerg. All fënnef Joer evaluéiert d'IEA nämlech d'Energie-Politik vun hire Memberen a schafft Recommandatiounen aus.