1Komma5GradEnergie a Sue spueren

Pierre Weimerskirch
An eisem Podcast goung et dës Woch ëm d'Fro, wat iwwerhaapt Sënn mécht, wann ee säin Haus wëll energetesch renovéieren.
1Komma5Grad: Energie a Sue spueren
An eisem Podcast goung et dës Woch ëm d'Fro, wat iwwerhaapt Sënn mécht, wann ee säin Haus wëll energetesch renovéieren.

De Premier Xavier Bettel huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, datt d'Primme fir Elektrogefierer a fir d'energetesch Renovatioun vun Haiser Enn dës Joers verlängert géife ginn an esouguer no uewen ugepasst ginn. An eisem Podcast 1Komma5Grad gouf an deem Kader dann och driwwer diskutéiert, wat iwwerhaapt Sënn mécht, wann ee säin Haus wëll energetesch renovéieren a wou ee Primme vum Staat kritt.

Et kléngt esou einfach. Et kritt ee jo Primmen, da kann ee säin Haus energetesch renovéieren, Energie a Sue spueren an dobäi nach eppes fir de Klima maachen. Datt dat awer net esou einfach ass, gouf am Podcast 1Komma5Grad kloer. Net iwwerall ass alles méiglech. An awer kéint an all Haus eppes gemaach ginn, esou de Gilbert Théato, Direkter vu myenergy.

Ëmweltorganisatioune fuerderen zanter Joren, datt een och de Leit méi ënnert d'Äerm gräift, déi sech eng energetesch Renovatioun trotz Primmen net kënne leeschten. Et géif ee scho bei den Ufroe mierken, datt sech virop Leit mellen, déi sech kënnen esou eng Renovatioun leeschten.

Entscheet ee sech eppes um Haus ze maachen, géif et ee klore Prinzip ginn. D'Sarah Juchems, Energieberoderin bei myenergy: "Generell ass et esou, datt wann een eppes um Haus wëll maachen, een als éischt un d'Haus selwer geet. Dat heescht, un d'Maueren, den Daach, d'Fënsteren, de Plaffong, datt een den Energieverbrauch reduzéiert. Wann een dat gemaach huet, kann ee kucken, fir dann nach déi Energie, déi ee brauch, fir déi dann op Basis vun erneierbaren Energien hierzestellen."

De ganze Podcast kennt Dir op RTL Play lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO