An net seelen héiert een, datt e Mënsch a senger Verzweiwlung eng Bréck erofgesprongen ass. An der Stad versichen d’Autoritéiten, d’Suiciden duerch méi héich Gelänner, wéi op der Rouder Bréck, sou wäit ewéi méiglech ze verhënneren. Den Ament schafft een um Viaduc. D’Passerelle gëtt jo méi breet gemaach a virun allem méi sécher.
E Bléck vun ënnen, eng aner Vue op eng Decisioun, déi aus enger Verzweiwlung eraus geholl gouf, et ass gutt méiglech dass Kanner a Jugendlecher Zeie sinn, wann e Mënsch hei erofspréngt.
Op der Aler Bréck schaffe Ponts et Chaussées am Kontext vun der Verbreedung vum Viaduc fir de Bau vun der Vëlospist grad un engem neie Gelänner. Deels ass dat definitiv, mä op der Stater Säit kënnt bei seng Héicht vun 1,30 Meter nach eng Kéier esouvill Maschendrot drop, fir dann eng 2,65 Meter sécher ze sinn.
Ënnendrënner, an der Péitruss, ass jo d'Skaterpist a bis dass ee sech iwwert de Look vun enger definitiver Protektioun eens ass, soll mat der aktueller Installatioun verhënnert ginn, dass grad op enger Plaz, wou Kanner a Jugendlecher sech ophalen, e Mënsch sech d'Liewen hëlt.
Et gouf gesot, dass d’Stad op en extra Schutz insistéiert hätt, de Staat net. Esou laang eng Installatioun nees liicht ofzebaue wier, hätt och den Denkmalschutz kee Problem a vill méi géif dat provisorescht hei och net kaschten.
D'Revaloriséierung vun der Péitruss geschitt an enger Kollaboratioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Administration des Ponts et Chaussées. Eng gutt Zesummenaarbecht, seet den zoustännege Minister François Bausch, dee sech dann awer wonnert, dass d'Stad ënnen am Gronn en neien a vill méi grousse Parking gebaut hätt.
Wat dee méi grousse Parking ugeet, deen d'Stad gebaut huet oder och de Lift vun der Gëlle Fra erof an den Dall, vertraut de Minister op de Concours an natierlech op d'Gesamtkonzept, dat een um Knuedler fir déi nei Péitruss ausgeschafft hätt.
De François Bausch ass der Meenung, dass dëst am Prinzip e klenge Widdersproch ass, zu deem, wat een an deem Gebitt wéilt fërderen. Den Tram géing an noer Zukunft do fueren, et hätt een dann och eng Vëlospist op zwou Säiten, eng gutt Buslinn an dofir soll ee probéieren, den Auto do, esou gutt et geet, erauszehalen.