Frichë vun Esch/SchëfflengEn neie Wunnquartier bis 2040

RTL Lëtzebuerg
60 Hektar - Sou grouss sinn d'Friche vun Esch/Schëffleng. 130 Joer Industriegeschicht stiechen an dësem Site.
Frichë vun Esch/Schëffleng
60 Hektar - Sou grouss sinn d'Friche vun Esch/Schëffleng. 130 Joer Industriegeschicht stiechen an dësem Site.

Kéinten des Mauere schwätzen, hätte si eis sou munches z'erzielen. Bis 2040 entsteet um Areal elo e fuschneie Wunnquartier. 10.000 Leit wäerten hei wunnen, liewen a schaffen. An d'selwecht ewéi um Belval, gëtt hei vun Agora och ganz vill Wäert op d'Mixitéit geluecht.

2.600 Schmelzaarbechter hunn zu Esch/Schëffleng hiert d'Brout verdéngt. Nodeems op Elektroschrott ëmgesuedelt gouf, sinn d'Dieren 2012 fir ëmmer zougespaart ginn.

Fir d'Identitéit vun dëse Brochen z'ënnermaueren, gouf decidéiert, verschidde Strukture vun der fréierer Schmelz z'erhalen, änlech also ewéi um Belval. De Waassertuerm an d'Pompelhaus ginn an den neie Quartier integréiert.

90 Prozent vum Site ass op Escher Territoire. De Recht läit op Schëfflenger Säit. Arcelor baut alles of, wat iwwer dem Buedem ass.

Back to Top
CIM LOGO