Am MagazinEn Abléck an den neie Staatsministère

RTL Lëtzebuerg
Zënter Juni ass den Hotel Saint-Maximin de Sëtz vum Premier, de Méindeg den Owend ass de grousse Reportage am Magazin op RTL Télé Lëtzebuerg.
En Abléck an den neie Staatsministère
Zënter Juni ass den Hotel Saint Maximin de Sëtz vum Premier, de Méindeg den Owend war de grousse Reportage am Magazin op RTL Télé Lëtzebuerg.

Wéi decidéiert gouf, datt den Ausseministère aus dem Hotel Saint-Maximin géif an d‘Bâtiment Mansfeld, dat aalt Geriicht kommen, gouf och decidéiert, datt de Staatsministère den neien Utilisateur vum historesche Gebai sollt ginn.

Nodeems d‘Servicer vum Minister Jean Asselborn erausgeplënnert waren, goungen am Oktober 2017 d‘Aarbechten un, dat bis Mee 2019 an am Juni ass een erageplënnert. En enken Zäitplang, deen trotz Surprisen agehale gouf.

11,5 Milliounen Euro fir eng komplett Restauréierung a Renovéierung, bausse wéi bannen. Technik gouf erneiert an och en neit Sécherheetskonzept koum an de Barockbau um Eck vun der Place Clairefontaine an der Rue Notre-Dame.

Hei sinn elo all d‘Servicer vum Staatsminister ënnert engem Daach. Den Hotel de Bourgogne krut eng nei Notzung, nämlech déi vum Digitalisatiounsministère.

Am Reportage am Magazin féiert eis de Premier Xavier Bettel perséinlech duerch déi prestigiéis Salone vum dësem representative Gebai, dat 1751 als Refuge vun der Tréierer Abtei Saint-Maximin gebaut gouf. Donieft gëtt een och historesch an architektonesch Detailer gewuer.

Vun e Méindeg un ass d‘Dokumentatioun vum Hotel Saint-Maximin dann och als Buch bei der "Administration des bâtiments publics" ze kréien. Do kritt ee weider Detailer, wéi dat prachtvollt Gebai uechter d‘Epochen ënnerschiddlech Notzungen hat an transforméiert gouf. Et ass iwwregens net fir d'éischt, datt ënner dësem Daach d‘Presidence vum Gouvernement an de Staatsministère hire Sëtz hunn.

En architektonesch och remarkabelen Daach mat 3 Etagen, deen et esou och net nach emol an der Stad gëtt an d‘Place Clairefontaine, déi huet bis 1988 Place Saint-Maximin geheescht.

Back to Top
CIM LOGO